D'Lieke Mevis, Biologin bei natur&ëmwelt, stellt dat neit Pixi-Buch zum Theema Harespele vir, a mir schwätzen iwwer d’Insekten-Zielaktioun Ziel mat!.
Dëst sinn zwou Sensibiliséierungsaktiounen, déi am Kader vum Projet “Bestëbser - méi wéi Beien” ëmgesat ginn, mat der Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère.
Beim Pixi-Buch geet et dorëms, besonnesch de Kanner d’Angscht virun dësen immens interessanten Déieren ze huelen.
Aktioun Insekten zielen. Dëst Joer leeft d'Aktioun - Méi wéi Beien, Ziel mat, vum 16. bis den 24. Mee.