Zu Lëtzebuerg ginn et dräi Schmuewelsaarten: d’Fënster-, d’Schaarschtech- an d’Uferschmuewel, woubäi d’Fënster- an d’Schaarschtechschmuewel bei Wäitem déi heefegst ass. Nach haut gëlle si als Iwwerbrénger vum Fréijoer a goufen och laang Zäit als Glécksbrénger ugesinn. Ursprünglech hu si natierlech Liewensräim wéi Fielse besidelt. Si hu sech awer iwwer d’Joerhonnerten un de Mënsch ugepasst a bréien haut an eise Stied an Dierfer: D’Schaarschtechschmuewel baut am léifsten ënnerdaach a Kéiställ an haut och a Carporten etc., an d’Fënsterschmuewel baussen un de Fassaden hir typesch Näschter aus Leem. Leider geet awer d’Liewensqualitéit fir d’Schmuewelen am Moment rasant biergof an esou gi si ëmmer méi seelen. Dobäi si si och fir eis Mënschen, zousätzlech datt se schéin unzekucke sinn, och nach immens nëtzlech.
Invité ass de Patrick Thommes vum Naturpark Öewersauer