Zwee Kilometer südlech vum Stadkär vun der Minettmetropol Esch-Uelzecht läit de Naturschutzzentrum Ellergronn, agebett tëschent Bësch an Dréchewisen am Naturschutzgebitt mam selwechten Numm. Hei trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht: engersäits eng divers Natur an anerersäits de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie. Am Ellergronn ginn et nieft den naturpädagogeschen Aktivitéiten och där, déi sech mat der Relatioun vu Mënsch, Natur an der Notzung vun den natierleche Ressourcë befaassen. Dozou huet d’ANF (Administration de la nature et des forêts) am Ellergronn zanter 2023 eng nei Ausstellung "Transition NOW” zum Theema vun der Transitioun, dem Antropozän an der grousser Beschleunegung. Invité ass den Pol Zimmermann, Préposé de la nature et des forêts Triage Esch/Alzette. Responsable du centre nature et forêt Ellergronn All Informatiounen zu den Ëffnungszäiten an den Aktivitéite fënnt een op www.nature.lu oder um Telefon 247 56 516.
arrow_back_ios
Biotop
Centre nature et forêt Ellergronn: Anthropozän / Den Zäitalter vum Mënsch
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026
Wéi all Joer gouf och dëst Joer de Vull vum Joer 2026 gewielt. Et handelt sech heibäi ëm eis klengst Schmuewelaart, nämlech d’Sandschmuewel.
Daucus carota subsp. sativus - Muerten
Knackeg, orange a gesond: Muerte schmaache gutt, si voller Power an dat eelste Wuerzelsgeméis op der Welt.
D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un
No engem gefillt ze laangen a groe Wanter weise sech dobaussen déi éischt Zeeche vum Fréijoer.
Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft
Dat mat Hëllef vun engem spezialiséierten Aarbechtsgrupp.
Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen
Den 2 Februar ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck
Op der Musel gëtt et vill grenziwwerschreidend Kooperatiounen. LEADER Miselerland ass do besonnesch aktiv an huet eng jett transnational Projete lancéiert.
Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang
De Lycée Technique Agricole genéisst hei am Land eng sougenannten Exklusivroll. Et ass deen eenzege Lycée, an deem een déi sougenannte gréng Beruffer léiere kann.
Dréchemaueren zu Lëtzebuerg
Dréchemaueren si stabil Konstruktiounen. Si besti just aus Steng. Et gëtt kee Bëtong verschafft. Se ze bauen ass e faszinéierend Handwierk. A se si besonnesch Liewensräim.
Huewer: net just Fudder fir Päerd
Huewer gëllt als Superfood. Et ass eng regional Planz, si ass bëlleg a gutt fir eis Gesondheet.
De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem?
De Mëspel: tëschent Mythos a Realitéit - vun der helleger Planz bei de Gëtter bis zur Gefor fir eis Uebstbeem an de Bongerten
LEADER Projet Regional EnergieKooperativ
Zil ass et déi nohalteg Energieversuergung bei de Gemengen an de Bierger:innen ze fërderen.
Eng gutt Aktioun
De 72 Stonne Bam-Planz-Challenge
De Wäert vun engem Bam
De Wäert vun engem Bam kéint net mei villfälteg sinn. E leescht eis ekologesch, ekonomesch a sozial Déngschter, déi net ze ënnerschätze sinn.
Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet
Sujet vun engem Kooperatiounsprojet Projet tëschent der Regioun Mëllerdall a LEADER-Gruppen aus Finnland an Irland.
Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren
E Liewensraum mat enger grousser Schutzfunktioun
LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg
LEADER ass eng EU-Initiativ, déi innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung am ländleche Raum ënnerstëtzt. Si setzt dobäi op regional Zesummenaarbecht an aktiv Biergerbedeelegung.
Kabesmatsch
Kabes ass Superfood, gesond an einfach am eegene Gaart ze zillen.
Dag vum Bam : Resilient Bëscher an Zäite vum Klimawandel
Am Klimawandel gi Bëscher staark gefuerdert. Resilienz, heemesch an zukunftsfäeg Bamarten sinn de Schlëssel fir natierlech, divers a vital Bëscher.
Biodiversitéitkris och bei Notzplanzen
Net nëmme bei de Wëllplanzen, mee och bei de Kulturplanzen huet d’genetesch Vilfalt an de leschten honnert Joer staark ofgeholl.