D’Musel ass net nëmmen dee gréisste Floss am Grand-Duché, mee och eng europäesch Liewensoder, déi Mënschen aus dräi Länner matenee verbënnt.
Op der Musel, am Dräilännereck, wou Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich sech begéinen, gëtt et eng gutt grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht. LEADER Miselerland ass do ee vun den Aktivposten an huet eng jett transnational Projeten zesumme mat den däitschen Nopere lancéiert.
Domadder si se déi éischt an nach ëmmer eenzeg transnational LEADER-Regioun an Europa.
Den Thomas Wallrich, Gestionnaire vun der LEADER-Regioun Miselerland, erkläert eis, wéi et dozou koum a wéi dat genee funktionéiert.