Kleng sensibel Divaen.
Orange, knackeg a séiss. Esou hunn déi meeschte Leit se am léifsten, d'Muerten, mee et gëtt si och nach a villen anere Faarwen, Formen a Goûten: d‘Muerten. Ganz gesond an net just als Zoppegréngs ze verwäerte si se net aus eiser Kichen ewechzedenken. Am eegene Gaart muss ee mat Fangerspëtzegefill mat hinnen ëmgoen a sech géint Schädlinge wieren. Mee mat e puer Tricke klappt dat ganz gutt an et kann ee vu Juni bis an de spéiden Hierscht selwer gezillte Muerten iessen. Weider Explikatioune mat der Dana Keup.
Quellen:
Garten+Haus / Januar-Februar 2025
www.meinschönergarten.de