Biotop
Erhalen a Vernetze vun eise Biotoper, um Beispill vun den Amphibien
11 min
Amphibie wéi Mouken, Fräschen, Salamanderen a Molche si wäertvoll Indicateure vun der Gesondheet vun eisen Ekosystemer. Leider ginn et manner där faszinéierend Déiere wéinst dem Verloscht an der Fragmentéierung vun hire Liewensraim, verschiddenen Aarte vu Verschmotzung (Waasser, Loft, Buedem, Liicht a Kaméidi), Krankheeten an dem Klimawandel.
D’Konnektivitéit vun de Biotopen ass essentiel fir hiert Iwwerliewen, well se den Amphibien erlabe sech fräi ze beweegen, sech ze reproduzéieren, ze ernären a sech un Ëmweltverännerungen unzepassen. Andeems mir ekologesch Korridore schafen, degradéiert Habitater restauréieren a Fiichtgebidder schützen, kënne mir hëllefen dës wichteg Aarten ze erhalen. Jiddweree vun eis kann eng Roll spillen, andeems mir Initiativen zur Erhalung ënnerstëtzen an eist Ëmfeld iwwer d’Wichtegkeet vum Schutz vun Amphibien an hire Liewensraim sensibiliséieren. Zesumme kënne mir den Ënnerscheed maache fir eng nohalteg Zukunft fir dës wäertvoll Bewunner vun eisem Planéit ze garantéieren. Explikatioune mam Tiago De Sousa, vun der Administration de la nature et des forêts.
Presentéiert vum
- Angie Maquil