De 14. Februar markéiert weltwäit den Dag vun der Léift, Dag op deem symbolesch Rouse verschenkt ginn. Mee dës schéin Traditioun huet och eng pickeg Wourecht, wéi eng, a wat mir als Konsumenten ännere kënnen, erkläert d'Céline Ducourant vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL.
“Fir datt d’Rousen an engem schéinen an onbeschiedegten Zoustand ukommen, musse se de ganzen Trajet iwwer gekillt ageflu ginn. Duerch dës Charakteristiken huet en importéierte Rousebouquet mat 5 Rousen een CO2-Ausstouss vun ongeféier 31 kg.
Beim Fair-Trade-Label gëtt den Asaz vu Pestizide reguléiert, an dobäi sinn d’Aarbechtsbedéngungen bei der Produktioun och besser. Et ass wichteg ze betounen, datt beim Fair-Trade-Label awer net komplett op Pestizide verzicht gëtt, et ass also just e Stéck besser.”