Biotop
Urban Birds: Wéi wierkt sech Silvester op eis Villercher aus?
D’ASBL Natur&ëmwelt engagéiert sech fir d’Gestaltung vun naturnoen a villerchersfrëndleche Stied an Dierfer. Begréngung a Biodiversitéit sinn entscheedend, fir d’Liewensqualitéit vu Mënsch an Déier am urbanen Ëmfeld ze verbesseren. An dësem Sënn hu si de Projet Urban Birds - Protecting Climate and Wildlife an d’Liewe geruff. D'Missioun: Gebaier am urbane Raum méi gréng maachen, de Klimaschutz stäerken an déi heemesch Vullenaarte fërderen.
Wosst dir, datt d’Villercher besonnesch elo an der Wanterzäit immens ënner Drock stinn? D’Planzen an d’Insekte sinn an der Wanterrou. An da kënnt och nach de Silvesterstress mam Freedefeier an dem Kaméidi dobäi, deen de Villercher hir lescht Energiereserve ka kaschten.
Mir stellen Iech nohalteg Alternative vir a ruffen dozou op: Hëlleft mat, eis Natur ze schützen - och an der Silvesterzäit!
Presentéiert vum
- Angie Maquil