Biotop
Hausgemaachte Saachen als Chrëschtdagskaddo
9 min
Ëm dës Zäit ass näischt ze dinn dobaussen am Gaart, dofir kann ee sech vläicht Gedanke maache fir Geschenker aus natierleche Materialien aus der Natur selwer ze kreéieren oder eege Kreatiounen aus dem Bakuewen ze zaubere fir seng Léifsten.
Wou d’Bräich vum Schenken a Baken an der Chrëschtdagszäit hierkommen ass interessant. Wat viru ville Joren éischter eng Faaschtenzäit war, an eng Zäit, an där een de Gëtter Affer bruecht huet, fir se frëndlech ze stëmmen, ass och haut nach eng Zäit vum Deelen a Verschenken, woubäi et deem, dee schenkt Freed mécht, an och deem, deen ee Geschenk kritt. Faaschte maache mir net méi an der Chrëschtzäit, éischter de Contraire: mat vill Botter, Zocker a Gewierzer aus der ganzer Welt gëtt gebak a geschneekt. E puer Gedanken a Rotschléi ginn et mat der Hobbygäertnerin Dana Keup.
Referenzen: www.alternativephotography.com
Presentéiert vum
- Angie Maquil