Aus dem Liewen
Eltereschoul J. Korczak
6 min
Wéi Eltere mat hirem “schlechte Gewëssen” ëmgoe kënnen
Eist Gewëssen ass wéi ee gudde “Frënd“, deen oppasst, datt mir an eisem Alldag esou reagéieren, datt mir et mat eise Wäerter vertriede kënnen. Passt dat net openeen, da spréngt dat “schlecht Gewëssen“ an. Et ass da wichteg, et wouerzehuelen an ze akzeptéieren.
Akzeptéieren heescht verstoen, datt dëst “schlecht Gewëssen“ een Deel vun engem ass, datt et dozou gehéiert an datt et an der Rei ass, och mol “ee schlecht Gewëssen“ ze hunn.
Fir domat ëmzegeoen ass et fir d’éischt mol wichteg, iwwer säi “schlecht Gewëssen“ an der Famill, mat Frënn, mat de Professionelle ronderëm sech ze diskutéieren an ze reflektéieren.
Eréischt wann ee säi “schlecht Gewëssen“ bewosst wouergeholl huet, kann ee sech ganz aktiv domat auserneesetzen. Wat funktionéiert scho gutt? Wat kënne mir un der Situatioun veränneren? Dat sinn déi éischt Froe fir dem schlechte Gewëssen entgéint ze trieden.
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak
Erausgepickt:
Mardi, 29/10 10:00-11:00 heures - Massage pour bébés - Cours pour parents avec bébé (0-6 mois) au EltereCafé à Esch
(www.kannerschlass.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil