Aus dem Liewen
GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
7 min
Am Alter ännere sech d‘Bedierfnesser, och wat d'Wunnen ugeet. D’Leit stelle sech Froen, wann et ëm hir Wunnsituatioun geet a vergläiche verschidde Léisungen, wéi betreit Wunnen an Altersheemer. D'Haaptzil ass et, esou laang wéi méiglech autonom ze bleiwen an trotzdeem eng sécher a sozial integréiert Ëmwelt ze fannen.
D'Wunnbedierfnesser am Alter si villfälteg. Altersheemer bidden eng ëmfaassend Betreiung mat engem fixe Fleegesystem, Gemeinschaftsraim an engem Restaurant. Vill Mënsche wëllen awer esou laang wéi méiglech autonom bleiwen an dofir ass betreit Wunnen eng attraktiv Alternativ. An dëser Wunnform huet ee méi Autonomie, awer och Sécherheet duerch en Telealarm an Hëllef, wann néideg. Am Géigesaz zum Altersheem gëtt et hei keng Restauratioun oder Animatiounsprogrammer.
Vill Leit entscheeden sech fir betreit Wunnen, well d’Appartementer barrièrefräi sinn a besser fir Leit mat Mobilitéitsaschränkungen adaptéierbar si wéi grouss Haiser. Zousätzlech bidde se Méiglechkeete fir sozial Kontakter, besonnesch fir déi, déi eleng wunnen. Beim Kaf oder Locatioun vun esou Wunnenge soll een op d’Accessibilitéit, de Präis pro Meter Carré an d'Chargen oppassen. Wichteg ass och d’Qualitéit vun den Aktivitéiten, déi ugebuede ginn.
Zum Schluss ass d'Wiel vun der Wunnform am Alter perséinlech. Fir vill Leit bleift d’Zil, esou laang wéi méiglech doheem ze liewen, an intergenerationelle Wunngemeinschaften eng nei Plaz ze fannen oder awer nach eng ganz aner Form vun Zesummeliewen, déi et nach net gëtt …
Mam Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu / www.infosenior.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
Betreit Wunnen, ass dat eppes fir mech? Wunnen am Alter - 3/3
Familljen-Center
Mir trennen eis a bleiwen Elteren! De Familljen-Center beschäftegt sech mat der Begleedung a Berodung vu Koppelen an Trennung an ënnerstëtzt si dora Weeër ze fannen, weiderhi gutt Elteren ze bleiwen. - 2/2
ErwuesseBildung
Smartphone, Computer und Co. sind aus dem Alltag der meisten Menschen nicht mehr wegzudenken. Doch nicht allen fällt der Umgang damit leicht. Die Kurse und Beratungsangebote in der i-Stuff der EwB unterstützen dabei.
(KJT) Kanner-Jugendtelefon
Zanter 1992 gëtt et de Kanner-Jugendtelefon. Well sech ëmmer méi Elteren och u si gewant hunn, gouf 2007 dunn den Elterentelefon an d’Liewe geruff. D’Nummer ass den 8002 4444.
natur musée
Bal kee weess, wat Schlaangestäre sinn, dobäi liewe se praktesch iwwerall um Mieresbuedem. D’Paleontologen aus dem matur musée notzen zanter Jore Schlaangestärfossilie fir d‘Geheimnisser vun der Evolutioun erauszefannen.
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
Temu - harmloser social shopping Trip oder irreführendes Marketing?
Wéi eng Roll spillt d’Gender-Dimensioun bei bewaffnete Konflikter?
Wéi eng Roll spillt d’Gender-Dimensioun bei bewaffnete Konflikter?
Erzéiungs-a Familljeberodung
Wa Kanner ee positiivt Verhältnis zum Iessen entwéckelen, hëlleft hinnen dat, sech och als Erwuessener gutt a gesond ze ernären. Mir kucken, wéi een de Grondsteen, fir een Iesse mat Genoss scho bei de Klenge leeë kann.
Eltereschoul J. Korczak
Als Eltere säi “schlecht Gewëssen” ze akzeptéieren an net ze ignoréieren ass ee wichtege Schrëtt fir mat der Situatioun ëmzegoen. Wéi kann een dëst dann elo konkret ëmsetzen? 2/2
Kannermusée PLOMM
Lëtzebuerg huet 1993 d’UN-Kannerrechtskonventioun ënnerschriwwen an accordéiert domat de Kanner d’Recht op Participatioun. Mee wat ass Participatioun, firwat ass se wichteg a wéi gëtt se am Kannermusée PLOMM gelieft?
GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
Nei Wunnformen. Wunnen am Alter 2/3
Familljen-Center
Mir trennen eis a bleiwen Elteren! De Familljen-Center beschäftegt sech mat der Begleedung a Berodung vu Koppelen an Trennung an ënnerstëtzt si doranner Weeër ze fannen, weiderhi gutt Elteren ze bleiwen. - 1/2
ErwuesseBildung
Et gi Problemer an der Gesellschaft, déi eis all betreffen, awer iwwer déi net gär oder guer net geschwat gëtt. Dobäi ass et awer d‘Sech Këmmeren an d‘Openee Rücksicht huelen, wat ee gutt Mateneen ausmécht.
(KJT) Kanner- a Jugendtelefon
Kanner a Jugendlecher kënne sech mat hire Froen, Suergen, Gedanken, Problemer un de KJT wenden. Heiansdo wëllt een net mat enger Persoun schwätze mee schreiwen. Dofir gëtt et d’Online Help oder d’Chatberodung.
natur musée
"Tönende Tiere“ a "Luxembourg on the Rocks“, vun Oktober u ginn et direkt zwou nei Ausstellungen am natur musée. Mir stellen se vir.
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
De Creative Club vum ZEV
CID | Fraen an Gender
Wéi steet et ëm d’Verdeelung vun de Geschlechter am Kulturberäich zu Lëtzebuerg?
Erzéiungs- a Familljeberodung
Wann een op der Sich no Literatur oder Iddien ass iwwer “Grenze setzen oder net“, gëtt ee quasi erschloe vun Informatiounen, déi dacks och nach widderspréchlech sinn. Wat ass da richteg oder falsch?
Eltereschoul J. Korczak
Ass mäi Kand ze vill an der Crèche? Si seng Deeg an der Maison relais ze laang? Vill Theemen aktivéieren den Elteren hiert schlecht Gewëssen. Wéi entsteet esou ee schlecht Gewëssen a wat seet dat eis? - 1/2
Kannermusée PLOMM
Kultur a Konscht fanne mir a villen Aspekter vun eisem Liewen erëm, ganz onofhängeg dovu wéi al mir sinn. Déi kulturell an artistesch Educatioun hëlleft eis eis Perséinlechkeet an der Gesellschaft ze fannen.
- 1
- 2