Déi éischt Zäit mat engem Bëbee ass intensiv, schéin a gläichzäiteg voller Froen.
Zënter 1989 bitt d’Initiativ Liewensufank mat hirer Baby Hotline eng gratis, vertraulech a bei Bedarf anonym Telefonsberodung fir (zukünfteg) Elteren un.
Iwwer 600 Uriff pro Joer weisen: De Besoin no kompetenter, empathescher Ënnerstëtzung ass grouss.
Am Interview erkläert d'Marta Lage, Erzéierin a Stëllbegleederin, firwat dëst Hëllefsoffer esou wichteg ass a wéi si konkret Elteren ënnerstëtzen.