arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ GERO-Kompetenzzenter fir den Alter

GERO-Kompetenzzenter fir den Alter

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

All Joer organiséiert GERO e Colloque, deen innovativ Léisunge fir aktuell Erausfuerderunge weist. Dëst Joer steet d’Theema mental Gesondheet am Mëttelpunkt, well d’Zuel vu Leit, déi ënner Einsamkeet leiden an eiser Gesellschaft ëmmer méi grouss gëtt. Besonnesch eeler Leit hunn dacks manner sozial Kontakter duerch physesch Aschränkungen oder wéinst enger méi klenger Famill. Dëst kann negativ Auswierkungen op d’psychesch Gesondheet hunn.


Dëst Joer presentéiert GERO d’Plattform TheSafeZone, déi vun der Petra Dahm, enger Expertin fir virtuell Realitéit, entwéckelt gouf. Dës Plattform soll e séchere Raum bidden, wou Leit aus alle Generatiounen a Kontakt triede kënnen. Dëst geschitt ënner professioneller Iwwerwaachung a mat der Méiglechkeet fir psychologesch Ënnerstëtzung. Zil ass et sozial Interaktiounen an der virtueller Realitéit ze fërderen, besonnesch fir Leit, déi wéineg reell Kontakter hunn an esou d'Folge vun der Einsamkeet ze erliichteren.

Den Event ass an zwee Deeler opgedeelt an ass den 22. November 2024 zu Bouneweg.


Am Nomëtteg sinn eeler Leit vu 60 un ageluede fir d’SafeZone-Plattform auszeprobéieren. D’Interaktioun gëtt vu Fachleit aus der Technologie an der Therapie begleet, fir en effikasse Feedback ze kréien an ze garantéieren, datt d’Participante sech wuel fillen.

Am Owend ass den Event fir Professioneller aus verschiddene Beräicher op, déi mat Leit schaffen, deenen et u sozialem Kontakt feelt. Dës Fachleit kënnen d’Plattform kenneléieren a mat der Grënnerin iwwer d’Méiglechkeeten an eventuell Suergen diskutéieren.

D’SafeZone soll real sozial Kontakter net ersetzen, mee éischter ergänzen. Vill eeler Leit fannen et méi wichteg, wéineg, awer qualitativ héichwäerteg Kontakter ze hunn. Dëst virtuellt Ëmfeld kann eng Chance bidden, och fir déi, déi soss duerch de gesellschaftleche Raster falen, sozial Bezéiungen opzebauen. GERO gesäit dëst als ee Schrëtt a Richtung innovativ a wäertvoll sozial Interaktiounen, déi an der digitaler Zäit e positiven Impakt op d’Liewensqualitéit am Alter kënnen hunn.

Mam Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu)

Link fir Aschreiwung: https://www.gero.lu/de/produit/jahrestagung-thesafezone

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Initiativ Liewensufank

„Eng Fro, e Gespréich an e bëssen Entlaaschtung.“ Firwat d’Baby Hotline Elteren de Réck stäerkt.
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Kee Gëft an de Gaart! De Gaart "Ënner dem Kiischtebam" vum Naturmusée
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Wenn Jugendliche selbst einen Podcast gestalten, um Wege zu einem gesunden Umgang mit ihrer digitalen Welt zu finden.
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

De Wee fir op d’Aarbecht - méi wéi just am Stau stoen
headphones

5 min

play_arrow

Erzeiungs- a Familljeberodung

Kanner brauche Pappen - Firwat d’Relatioun tëschent Papp a Kand esou wichteg ass.
headphones

5 min

play_arrow
Kannermusée Plomm | © visitwiltz.lu

Kannermusée Plomm

Creative Encounters - Projeten an Zesummenaarbecht mat Kënschtler:innen
headphones

3 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

12 Servicer, déi eng grouss Diversitéit u Benevolatsprojeten ofdecken.
headphones

5 min

play_arrow

Familljen-Center

Panikattacken - eng kuerz Aféierung a praktesch Tippen zur Selbsthëllef
headphones

4 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Table ronde: Tabutheema Sexaarbecht zu Lëtzebuerg
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Sensibiliséierungsaktiounen vun der Stad Lëtzebuerg vum 25. Abrëll bis den 10. November 2026
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Zwee Planze bléien elo schonn an eise Gäert, mee nëmmen eng dovunner ass och gutt fir d'Insekten.
headphones

7 min

play_arrow

ZEV Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Sind Creator Unternehmer oder Algorithmus-Getriebene? 2/2
headphones

7 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Eise Kierper, eist Wëssen: Wéi Feministinnen d'Medezinveränneren – a wéi mir eis géigesäiteg staark maache kennen.
headphones

8 min

play_arrow

Erzeiungs- a Familljeberodung

Wat trennt d'Generatiounen – a wat verbënnt se? Iwwer Versteesdemech, Wäertekonflikter and’Konscht vum Nolauschteren an der Famill.
headphones

5 min

play_arrow

BEE SECURE

Ecranen doheem: Wéi Famillen eng gutt Balance fannen - mat klore Reegelen no Alter.
headphones

8 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

D’ChiCo - Children’s Conference 2026 fënnt den 1. Abrëll 2026 statt a beschäftegt sech mam Theema "Ech si wichteg! Ech spillen!“
headphones

7 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Rendez-vous Bénévolat 60+
headphones

5 min

play_arrow

Familljen-Center

Emotioune kënnen eng komplizéiert Roll an eisem Liewen anhuelen, well mir dacks net wëssen, wéi domadder ëmgoen. Dobäi iwwerhuele si eng ganz wichteg Aufgab.
headphones

6 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

D'Ausstellung "Flora Fabulosa: von hinterhältigen Weibchen und Samenkatapulten" wëllt Elteren a Léierpersounen hëllefen, d'Kanner zum Theema Klimawandel ze sensibiliséieren.
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Presentatioun vum CSPH - Conseil Supérieur des Personnes Handicapées
headphones

6 min

play_arrow