Aus dem Liewen
natur musée
6 min
Kierperen aus Steen a Metall
Sinn d’Asteroiden als Iwwerreschter vum Entstoe vun de Planéiten eng Gefor fir d’Äerd? Kënne mir eis dogéint wieren? Kann een d’Rostoffer vun deene Steng vläicht notzen? Oder notze mir déi Schätz schonn?
Viru 4,5 Milliarde Joer ass eise Sonnesystem entstanen aus enger gigantescher Wollek aus Gas a Stëbs. Aus de Stëbskären hu sech Planéite forméiert an och méi kleng Kierperen, d’Asteroiden. Och haut nach dréien déi meescht ronderëm d’Sonn, anerer kräizen den Orbit vun der Äerd.
Dës kënnen dann als Meteorit op d‘Äerd falen an eng Gefor duerstellen. Esou wéi viru 66 Mio Joer, wouduerch déi meescht Dinosaurier an och bis zu 80 Prozent vum ganze Liewe verschwonnen ass. Haut iwwerleeën d’Spezialisten, wéi mir eise Planéit kënne schützen, andeems een Techniken entwéckelt, fir d’Asteroiden ëmzelenken.
D’Asteroiden enthalen awer och ganz vill wäertvoll Rostoffer, déi kéinten d’Besoine vun der Mënschheet décken. D‘Notzung vun de Space-Ressourcë kéinten dozou bäidroen d‘Ëmwelt ze preservéieren.
D’Asteroiden hunn eis Äerd awer och scho mat engem ganz wäertvolle Schatz beliwwert: Et ass wëssenschaftlech erwisen, datt sämtlecht Waasser op eisem Planéit vum Bombardement vun Asteroide komm ass.
Explikatioune mam Physiker Eric Buttini vum Musée national d'histoire naturelle - natur musée (www.naturmusee.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil