Aus dem Liewen
Familljen-Center
4 min
Innere Scheidung
Et ass kee Geheimnis, datt bei ville Leit d’Scheedung net zum erhofften Effekt féiert. Gewalt, Streidereien, Haassgefiller a Kritik iwwerdaueren dacks den Zäitpunkt vun der Trennung. Dëst féiert dozou, datt net nëmmen d’Ex-Partner, mee och d’Kanner ënner der Situatioun leiden. Eng Méiglechkeet, aus dësem Däiwelskrees erauszekommen ass de Prozess vun der “inneren Scheidung“. Hei geet et virun allem dorëms, sech gefillsméisseg vum Ex-Partner lasszeléisen an esou d’Spirale vum géigesäitege Verletzen, Accuséieren a Verdäiwelen ze ënnerbriechen. Zil ass et, dat gemeinsamt Band, dat sech während der Bezéiung gebilt huet, erëm an zwee Fiedem opzedeelen. Erausginn zwou Eenzelpersounen op hirem eegene Wee, mee gezeechent vun den Erfarungen, déi si op deem gemeinsame Wee gemaach hunn. Dëst ass ee Prozess, dee vill Zäit brauch.
Explikatioune vun der Mediatrice Lis Thomé vum Familljen-Center (www.familljen-center.lu/publications)
Presentéiert vum
- Angie Maquil