Aus dem Liewen
BEE SECURE Helpline
4 min
Een Af mécht der Honnert: Wéi BEE SECURE iwwer Deepfakes sensibiliséiert.
BEE SECURE huet rezent eng Campagne zum Theema Deepfakes lancéiert.
Wat sinn dann eigentlech Deepfakes? Stellt Iech vir, zwee Deeg viru politesche Wale geet e Video viral, an deem e Spëtzekandidat sech iwwer eng bestëmmte Bevëlkerungsgrupp lëschteg mécht.
Éier dëse Kandidat ka richtegstellen, datt de Video e Fake ass, gëtt de Video awer schonn dausendfach gedeelt a gesinn. Och wann de Politiker déi Saachen am Video effektiv ni gesot huet, kann dat awer Leit, déi sech nach onsécher ware bei hirer Walentscheedung, beaflossen.
Bei esou Videoe schwätzt ee vun Deepfakes. Dës gi mat Hëllef vu Programmer erstallt, déi Kënschtlech Intelligenz notzen. Dat kléngt wéi Science Fiction, mee ass hautdesdaags effektiv méiglech.
Wann een enger Informatioun oder enger Meenung iwwer en Thema um Internet begéint, da soll ee sech follgend Froe stellen:
Wie stécht derhannert? Ass et eng seriö Säit, déi de Video weist? Stinn d'Aussoen an d'Verhale vum Protagonist am Géigesaz zu deem, wat en normalerweis seet?
Explikatioune mam Jeff Kaufmann vu BEE SECURE
Fir méi Rotschléi zum Ëmgang mat Deepfakes, kuckt hei: https://www.bee-secure.lu/fr/news/elections-europeennes-manipulation-par-la-desinformation-et-deepfakes/
Presentéiert vum
- Angie Maquil