Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
6 min
Bicher a méi: CID | Fraen an Gender
Wosst Dir, datt et matten an der Stad Lëtzebuerg eng feministesch Bibliothéik mat méi wéi 32.000 Bicher, CDen, Zäitschrëften a Musekspartitioune gëtt?
Wou sech alles ëm Genderfuerschung, feministesch Theorien, Fraen* an der Konscht, STEM a Politik dréit? An Dir Bicher iwwer de weibleche* Kierper, Gesondheet a Sexualitéit fannt? Net ze vergiessen déi sëlleg Romaner an d’Rubrik mat ureegender Kanner- a Jugendliteratur.
Doriwwer eraus, Archiven iwwer d‘Fraegeschicht an d’Fraebeweegung zu Lëtzebuerg, de politesche Patrimoine vun der Juristin a Fraerechtlerin Jeanne Rouff a Museksarchive mat Wierker vu lëtzebuergesche Komponistinnen. Invitée ass eng Vertriederin vum CID | Fraen an Gender. (www.cid-fg.lu)
Presentéiert vum
- Pit Walté