Aus dem Liewen
Kannermusée PLOMM
4 min
Kanner an hiert Recht op Participatioun
Lëtzebuerg huet 1993 d’UN-Kannerrechtskonventioun ënnerschriwwen an accordéiert domat de Kanner d’Recht op Participatioun.
Och am nationale Bildungsrahmenplan ass ee vun deene grondleeënde Prinzippien d’Participatioun. D’Kanner sollen deemno doranner gefërdert ginn un Entscheedungen, déi si betreffen, deelzehuelen.
Kanner sinn e groussen Deel vun eiser Gesellschaft. Et ass wichteg hinnen d’Méiglechkeet ze ginn duerch Bedeelegung hir Perséinlechkeet vu kleng op ze entwéckelen, fir datt si sech mat der Gesellschaft auserneesetzen, sech awer och dran erëmfannen.
Am Kannermusée PLOMM gëtt d’Participatioun a ville verschiddene Facette gelieft. Duerch aktiivt Matmaachen entwéckelen d’Kanner de Musée weider, si beschäftegen sech awer gläichzäiteg mat Theemen aus der Gesellschaft a bilde sech esou och politesch weider. Donieft ass d’Entwécklung an d’Fërdere vun neie participative Formen eng essenziell Missioun vum Kannermusée PLOMM.
Invitée ass d'Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée PLOMM. (www.plomm.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil