Aus dem Liewen
GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
7 min
Wou wëll ech am Alter wunnen? D ‘Äntwert op dës Fro ass méi komplex wéi einfach nëmmen „Doheem oder am Altersheem“. Mat dem demographesche Wandel muss all Gesellschaft sech mat dëser Fro auserneesetzen. Vill verschidde Wunnforme besti scho, an nach méi musse weider erfuerscht ginn. Och d ‘Finanzéierung wäert an Zukunft eng wichteg Roll spillen.
Déi gewënschte Wunnform am Alter ass nach ëmmer dat eegent Doheem – idealerweis bis an den héijen Alter. Zu Lëtzebuerg wunne vill Leit eleng an hirem Haus oder hirer Wunneng a wënschen, do ze bleiwe bis zu hirem Doud. Ab engem gewëssene Punkt soll ee sech awer d ‘Fro stellen, ob et realistesch ass, bis an den héijen Alter doheem ze wunnen. Ass d ‘Haus oder d ‘Wunneng barrièrefräi? A grad sou wichteg: Sinn sozial Kontakter an der Géigend, a sinn sou Strukturen net ze wäit ewech vun allem?
Zwësche Wunnen doheem an dem Altersheem, wou een „gutt versuergt“ gëtt, ginn et mëttlerweil aner Alternativen, déi sech besonnesch an de Beräicher Selbstbestëmmung, Autonomie a sozial Kontakter ënnerscheeden. Vun Wunngemeinschafte bis hin zu intergenerationelle Wunnforme ginn et och zu Lëtzebuerg scho vill Modeller. Dës Strukturen si vläicht nach net gutt genuch erfuerscht, an d ‘Finanzéierung vun esou Projete gëtt nach net ëmmer vun de Ministèren ënnerstëtzt.
Et gëtt Zäit, nei Iddien unzegoen an auszeschaffen. Den „Logement encadré“ (geschützte Begrëff) oder dat „betreite Wunnen“ (net geschützt) hunn sech als Alternativen etabléiert, wou Senior*innen zesummen ënner engem Dach wunnen. Aner Wunnforme wéi Wunngemeinschafte gi getest a mussen hiren Erfolleg nach beweisen.
Mam Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter
www.gero.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil