Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"

De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.
headphones

56 min

play_arrow
Monique Melsen: "D'Schung goufen ugestrach"

Monique Melsen: "D'Schung goufen ugestrach"

D'Sängerin a Schauspillerin war 1971 fir Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest zu Dublin mat derbäi.
headphones

56 min

play_arrow
Rosalie Maes: "Eng Theaterfamill"

Rosalie Maes: "Eng Theaterfamill"

D'Actrice an Enseignante erzielt, wéi et ass, an enger Kënschtlerfamill grouss ze ginn.
headphones

51 min

play_arrow

Jim Schmitz: "Hei kënnt de Vullejemp"

Dee fréiere Buergermeeschter, Grënner, fréieren Direkter vum Haus vun der Natur a President vu Natur & Ëmwelt ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Bob Bertemes: "Ech kréien och nach emol e Muskelkater"

Bob Bertemes: "Ech kréien och nach emol e Muskelkater"

De Lëtzebuerger Toppathleet ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären

Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären

De Journalist liwwert seng Impressiounen vun enger vu senge Reesen an d'Ukrain.
headphones

52 min

play_arrow

Manuel Cardoni: "E Liewe fir a mam Fussball"

De fréieren Fussballprofi a Nationalspiller ass Invité an der Emissioun "Sot mol" an et kann ee an dësem Fall ganz sécher vun engem Liewen mam a fir de Fussball schwätzen, awer dat ganzt och
Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
headphones

56 min

play_arrow
Odile Simon: "Ech bleiwen der Kultur verflicht"

Odile Simon: "Ech bleiwen der Kultur verflicht"

Zanter 2007 ass si Direktesch vum regionalen Kulturzenter "Cube 521" zu Maarnech an elo ass et un der Zäit Äddi ze soen.
headphones

56 min

play_arrow
Fränz Hausemer: "De musikalesche Cineast"

Fränz Hausemer: "De musikalesche Cineast"

De Museker, Sänger, Pianist a virun allem Cineast ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

Deen eeleren Helminger-Brudder a Schrëftsteller ass Invité.
headphones

60 min

play_arrow
Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären

Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären

De Journalist liwwert seng Impressiounen vun enger vu senge Reesen an d'Ukrain.
headphones

52 min

play_arrow
Luc Marteling

Luc Marteling

Den Direkter vum ZLS, dem Zetrum fir Lëtzebuerger Sprooch ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Alain Graf: "Passioun, Engagement a Freed"

Alain Graf: "Passioun, Engagement a Freed"

Ugefaangen huet fir den Invité alles zu Péiteng, wou hien 1962 gebuer ass a séier de Wee an d'Museksschoul fonnt huet.
headphones

50 min

play_arrow
Nadine Barthel: "D'Gebuert huet 100.000 Ausweeër"

Nadine Barthel: "D'Gebuert huet 100.000 Ausweeër"

D'Invitée ass schonn 20 Joer laang Hiewan. Si schwätzt iwwer d'Magie vum Liewe schenken an déi haart Aarbecht, déi hannendru stécht.
headphones

46 min

play_arrow
Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"

Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"

D'Lëtzebuerger Actrice, déi scho laang zu Paräis lieft, ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Jean Claude Braun: "Ech sinn en Orchestermuseker"

Jean Claude Braun: "Ech sinn en Orchestermuseker"

Den Dirigent vun der Militärmusek ass haut den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Eva Paulin: "E Kandheetsdram erfëllt"

Eva Paulin: "E Kandheetsdram erfëllt"

D'Theaterregisseurin, déi sech haut méi an der Konscht, der Molerei doheem fillt, ass haut Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

Deen eeleren Helminger-Brudder a Schrëftsteller ass Invité.
headphones

60 min

play_arrow
Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Den Deche vu Maacher, deen eng grouss Affinitéit fir Lëtzebuerger Sprooch huet, ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow