Sot emol
Luc Marteling
56 min
Wann Dir wëllt wëssen, wéi een e bestëmmtent Wuert op Lëtzebuergesch schreift, oder wéi een eppes an der Lëtzebuerger Sprooch ausdrécke kann, da kommen engem sécher direkt e puer Nimm an de Kapp, an ee vun deenen Nimm ass den Invité, de Luc Marteling.
Zanter 2019 ass de Luc Marteling Direkter vum Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch, en Zentrum, deen duerch e Gesetz vum 27. Juni 2018 installéiert gouf. De Luc Marteling ass deen éischten Direkter vun dësem neien Zentrum. Hien huet zu München op der Ludwig-Maximillians-Universitéit Kommunikatiounswëssenschafte studéiert, mat derbäi awer och Psychologie a Philosophie. Mee seng grouss Léift sinn a ware Sproochen, an do besonnesch déi Lëtzebuerger Sprooch.
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.