Sot emol
Jim Schmitz: "Hei kënnt de Vullejemp"
56 min
Mam Jim Schmitz geet et virtuell eraus an d'Natur. Méi genee an eent vun de 12 Vulleschutzgebidder zu Lëtzebuerg tëschent Iwwersiren a Mensder, an d'Schlammwiss.
Do ass de Jim Schmitz doheem. 1948 am Éislek gebuer,zu Ëlwen grouss gi matten an der Natur, wou säi Papp Bëscher ugeplanzt huet. Als Bouf huet hie sech mat sengem Cousin op d'Sich no Vulle gemaach. Säin Interêt de Villercher an hirer ganzer Pruecht géintiwwer huet bewierkt, datt esou muncher een hie net ëmmer eescht geholl huet. Mat Aussoen wéi "hei kënnt de Vullejemp" kann de Jim Schmitz awer gutt liewen.
De passionéierte Villerchers-Mënsch sicht leidenschaftlech gäre no neien Aarten, net nëmmen hei am Land mee zum Beispill och a China, dem Kuwait, Südafrika oder Azerbaijan. Heiheem kennt hien all Zort Fauna a Flora.
Do wou hien 1965 een Hektar Schilf entdeckt huet, erstreckt sech haut iwwer 350 Hektar d'Schlammwiss. Dem Jim Schmitz säin zweet Doheem, dat hie sech mat enger 87 Vullenaarten deelt. Hie kennt se alleguerten, haut si se repertoriéiert dank der Beréngungs-Statioun, déi hien do gegrënnt huet. Iwwregens huet de Jim Schmitz nach villes initiéiert. Hien ass een "Do'er", ee Mënsch, dee Saache mécht a bewierkt, awer ëmmer ënner der Viraussetzung, datt hie mat Mënschen zesummeschafft. Hie selwer qualifizéiert sech als alen '68er. Hien huet villes erreecht aus enger gewëssener Ideologie eraus, mat Kolleegen a Persounen, déi un dat nämmlecht gegleeft hunn.
Seng Léift zum Naturschutz huet hien och zur Politik bruecht, wou hie sech 12 Joer als Buergermeeschter vu Conter fir d'Natur agesat huet.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.