Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Simone Beck

Simone Beck

D'Historikerin a Professorin, fréier Direktesch vum Institut Pierre Werner ass haut un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Unesco Kommissioun.

Tom Hecker

De President vu Rosa Lëtzebuerg, der nationaler LGBTIQ Organisatioun, déi sech fir d'Rechter an d'Interête vun den LGBTIQ+ Communautéiten asetzt

Alex Reding

De Papp a Kapp vun der Luxembourg Art Week, dee Konscht studéiert huet, selwer Sculpteur ass, an dëst Joer mat senger Galerie 20 Joer feiert, ass Invité.

Lucien Kayser

De Literatur- a Konschtkritiker, Franséischproff, Philosoph a fréiere FIFA-Fussballsarbitter Lucien Kayser ass den Invité.

Gregory Melmer

De Schoulmeeschter an Improvisatiounsartist ass den Invité.

Tom Hecker

De President vu Rosa Lëtzebuerg, der nationaler LGBTIQ Organisatioun, déi sech fir d'Rechter an d'Interête vun den LGBTIQ+ Communautéiten asetzt

Carole Lorang

Déi aktuell Directrice vum Escher Theater, Theaterregisseurin a fréier Presidentin vun der Theaterfederatioun ass d'Invitée.

Eric Mangen

De Kënschtler schafft vill am ëffentleche Raum, als Street Artist ass hien an der Haaptsaach dofir bekannt, datt hien aus Fassade Konschtwierker mécht.

Jos Stutz

Viru ganz Kuerzem gouf dem Invité eng Liewer transplantéiert: Vun engem Ament op deen aneren ännert d'Liewen, an eng Transplantatioun gëtt den Traitement vum Choix.

Ben Thuy

Mam Paleontolog vum natur musée sicht no Fossilien an erfuerscht dës fir d'Entwécklung vu Liewewiesen an engem bestëmmten Ëmfeld besser kënnen ze verstoen.

Serge Basso de March

De fréieren Direkter vun der Escher Kulturfabrik, Auteur, a virun allem och Poet ass zanter dem leschte Joer an der Pensioun.
Tom Leick-Burns

Tom Leick-Burns

Den Direkter vun de Stater Theateren ass vu Formatioun Acteur an huet a Produktiounen zu Lëtzebuerg gespillt - am Theater a Film.
headphones

48 min

play_arrow

Chantal Keller

D'Grënnerin vun der ASBL Blëtz, der Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag, hat selwer en AVC an en Hiereschlag.

Roland Meyer

De Schoulmeeschter, Auteur, Regisseur, Kabarettist, Theatermënsch a Museker

Marc Hostert

De CAL huet d'Zil d'Konscht zu Lëtzebuerg bekannt ze maachen a virunzedreiwen. De President, dee geléierten Ekonomist a Beamte ass am Gespréich.

Den Antoine

Mir nennen hien elo Tun, ass zanter Joerzéngte laang drogenofhängeg. Wat rekreationnell an heiansdo ugaangen ass, huet zu enger Spiral no ënne geféiert.

Manfred Langner

Den Intendant vum Theater Tréier iwwer seng Ufäng an där eelster Stad vun Däitschland, wéi hien dat perséinlech erlieft huet an iwwer säi Wee vum Film bei den Theater

Chantal Keller

D'Grënnerin vun der ASBL Blëtz, der Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag, hat selwer en AVC an en Hiereschlag.

Roger Spautz

De Membre-Fondateur vu Greenpeace Lëtzebuerg

Thierry Didelot

E mentale Problem ka jiddweree concernéieren. Den Invité huet zanter 17 Joer eng Angschtstéierung. Hie verzielt eis, wéi een domat lieft.