arrow_back_ios
Sot emol
Marc Hostert
Dëse Weekend mécht den Tramschapp d'Diere grouss op fir de Cercle artistique de Luxembourg - de CAL - ze empfänken. Zil vum CAL ass d'Konscht an hir Entwécklung zu Lëtzebuerg bekannt ze maachen a virunzedreiwen.
De CAL gouf virun 128 Joer gegrënnt, am Stater Gronn. Haut ass en e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Konschtzeen.
De President, dee geléierten Ekonomist a Beamte Marc Hostert ass am Gespréich mam Natasha Ehrmann.