Sot emol
Thierry Didelot
De Centre Hospitalier du Nord huet eng nei Kampagne mam Titel "Wéi geet et dir?" lancéiert am Kontext vun der mentaler Gesondheet. Et geet dorëms d'Gesellschaft méi a méi iwwer mental Problemer ze sensibiliséieren. Problemer mat deenen jiddweree kéint konfrontéiert ginn.
Invité ass den Thierry Didelot, dee selwer mat enger Angschtstéierung geplot ass. De Jean Claude Majerus schwätzt mat him iwwer seng Situatioun. Wéi koum seng Angschtstéierung, wéi léiert een domat ze liewen? A virun allem, wéi wichteg ass et doriwwer ze schwätzen?