Sot emol
Alex Reding
Vum 12. bis de 14. November ass déi siwent Editioun vun der Luxembourg Art Week. Dëst Joer um Glacis.
Déi éischt zäitgenëssesch Konschtfoire zu Lëtzebuerg huet zanter hirer Grënnung vill Adepte fonnt, an d'LAW ass mëttlerweil op der Kartografie vun den europäeschen Konschtfoiren.No enger digitaler Editioun, d'lescht Joer, si fir dëst Joer net manner wéi 80 Galerien ugemellt.
De Papp a Kapp vun der Luxembourg Art Week, den Alex Reding, dee Konscht studéiert huet, selwer Sculpteur ass, an dëst Joer mat senger Galerie 20 Joer feiert, ass Invité beim Natasha Ehrmann.