Sot emol
Chantal Keller
Zu Lëtzebuerg hunn am Duerchschnëtt all Dag véier Persounen en Hiereschlag. Eng Reeducatioun no engem iwwerliefte Schlag bedeit fir déi Betraffen dacks e laangen an net einfache Wee.
Mënschen, déi een AVC haten, verléieren e groussen Deel vun hirer Selbststännegkeet a ginn dacks ofhängeg. Fir Patiente vun engem Schlag mat Rot an Dot zur Säit ze stoen, wéi och d'Preventioun ze förderen, huet sech Blëtz ASBL - déi Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag gegrënnt.
Blëtz leet op Preventioun an déi richteg Reaktioun am Fall vun engem Hiereschlag. D'ASBL gouf vun enger Fra gegrënnt, déi selwer en AVC an en Hiereschlag hat: d'Chantal Keller.