Sot emol
Den Antoine
Sucht, ob Alkohol, Sex oder Drogen, huet eng negativ Konnotatioun.
Mir bezeechnen Sucht dacks als eng Stéierung a Betraffene gi vun der Gesellschaft gären e Problem zougeschwat. Dobäi sinn d'Grënn fir eng Ofhängegkeet vilfälteg.
De Wee aus der Dependance zeréck an d'Liewen kann ee mat Trappe klamme gläichstellen. Op deem éischten Träpplek acceptéiert een d'Sucht als Krankheet, beim luese Virugoen sicht ee sech Hëllef bei Dokteren an/oder Berodungsplazen.
Den Antoine, mir nennen hien elo Tun, ass zanter Joerzéngte laang drogenofhängeg. Wat rekreationnell an heiansdo ugaangen ass, huet zu enger Spiral no ënne geféiert, mee den Antoine krut schonn an den 1980er Joren vun der Jugend- an Drogenhëllef ënner d'Äerm gegraff an dat haut nach, wou hien an enger betreiter Wunnstruktur säin eegenen Alldag lieft.