Sot emol
Serge Basso de March
18 Joer laang huet de Serge Basso de March mat dru geschafft fir aus der Escher Kulturfabrik dat ze maachen, wat se haut ass. Eng Plaz, wou Mënsche sech begéinen, wou Kreativitéit grouss geschriwwe gëtt, a wou d'Kultur en Doheem huet. D'lescht Joer huet de Serge Basso d'Decisioun geholl an d'Pensioun ze goen, eng Decisioun, déi de Coronavirus mat bestëmmt huet.
Wéi de Serge Basso déi Zäit erlieft huet, an och, wéi aktiv hien elo an senger Pensioun nach ëmmer ass, a wat hien elo endlech ka maachen, fir dat hie virdru keng Zäit hat, doriwwer schwätzt de Jean Claude Majerus mam Serge Basso.