Sot emol
Tom Hecker
Och haut bleiwe Membere vun der LGBTIQ+ Communautéit ëmmer nach Affer vu Gewalt an Haass. Dogéint hëlleft sensibiliséieren. Den Tom Hecker ass President vu Rosa Lëtzebuerg, der nationaler LGBTIQ Organisatioun, déi sech fir d'Rechter an d'Interête vun den LGBTIQ+ Communautéiten asetzt. An dëser Missioun huet hien zwee Personnagen erschaf: Esou trëtt den Hom Hecker eemol als Transvestit Seraphine Mirage op, eemol geet hien als Tatta Tom an d'Schoule fir Kanner kandgerecht Äntwerten op hir Froe ronderëm LGBT Sujeten ze ginn.