arrow_back_ios
Sot emol
Ben Thuy
Mam Paleontolog vum natur musée dauche mer an den Universum vun de Liewewiesen a Lieweswelten an. Den Dr. Ben Thuy sicht no Fossilien an erfuerscht dës fir d'Entwécklung vu Liewewiesen an engem bestëmmten Ëmfeld besser kënnen ze verstoen. De Paleontolog kann - unhand vu moderne Methoden - aus Fossilien, Schanken oder DNA Iwwerreschter en déiwe Bléck an d'Déieren- a Planzewelt aus aneren Epoche kréien.