Radioen

On air

Thé Dansant  |  Isaac Hayes And David Porter - Ain't That Loving You (For More Reasons Than One)

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen. Bannent e puer Méint war hien dee jéngsten Uergelspiller vu senger Kierch. Wéi hie 16 Joer al war, ass d'Famill op New York geplënnert, wou hie fir verschidden aner Kierche gespillt huet. Hie gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller vun der Stad. Mat 19 Joer entdeckt hien an der Arméi mat e puer eeleren Zaldoten den Jazz an e puer Méint méi spéit spillt hien och schonn Jazz a verschiddene Bare mat de Kolleegen.

Zeréck zu New York spillt hie weider fir Kierchen a komponéiert Lidder fir si, bei deenen hien Jazz-Akkorde mat Gospel fir en eenzegaartege Stil vermëscht. Duerno grënnt den Johnson d'Grupp Spontaneous Combustion, déi Support Band fir e puer grouss Nimm gëtt, zum Beispill d'Jackson 5! Kuerz drop huet hien dann 1978 säin éischte Solo Album fir Columbia Records opgeholl: "My Music". Den Album hat just bësse kommerzielle Succès an Europa, mee koum guer net an den USA un. Déi meescht Insider si sech eens fir ze soen, datt den Johnson senger Zäit viraus war. No dëser Enttäuschung méicht hien och klenge Break an der Museksindustrie. 20 Joer drop erreecht den Album Kultstatus a gëtt vun de beschten Hip-Hop-Produzente gesampelt. Den Johnson seet selwer "Ech héieren dacks mäi Stil a Sound, deen um Radio oder am Fernsee gesampelt gëtt ..., an ech si geéiert, datt d'Hip-Hop-Kultur "My Music" benotzt huet!" Säi Stil kann een als hallef romantesch Disco à la Barry White bezeechnen an deelweis och als smoothen Jazz mat Donald Byrd a Roy Ayers Aflëss.

The Alchemist benotzt den Titeltrack vum Album fir de kultesche "We Gonna Make It" vum amerikanesche Rapper Jadakiss featuring Styles P vu The Lox ze produzéieren. Dat war op sengem éischten Album "Kiss tha Game Goodbye" vun 2001. De Beat war ursprünglech fir de Ras Kass geduecht, mee wéinst interne Konflikter koum deen ni offiziell eraus.

2009 benotzt de Skero aus Éisträich dee selwechte Sample bëssen op ironesch Manéier. Hie gëtt begleet vum Kamp MC. Den Titel heescht "Fuss vom Gas" a schwätzt vu Vëloen.

Musek

Episoden

Soft Machine - Drop

Soft Machine - Drop

Soft Machine ass eng englesch Band vun 1966. Hire Sound geet vu progressivem Rock bis Jazz Fusion. 1972 kënnt hire fënneften Album eraus mam Titel "5".
headphones

11 min

play_arrow

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm.
headphones

0 min

Bernard Wright - Who Do you Love

Den Bernard Wright bréngt 1985 dëst wonnerbaart Lidd eraus um Album "Mr. Wright". Hien huet viru senger Solokarriär mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl.
headphones

0 min

Teena Marie - Square Biz

D'Teena Marie war eng amerikanesch Singer-Songwriterin, déi vun 1956 bis 2010 gelieft huet. Si hat grousse Succès a gouf och "The Ivory Queen of Soul" genannt.
headphones

0 min

James Brown - Funky President (People It's Bad)

James Brown - Funky President (People It's Bad)

Et ass schwéier eng Sendung iwwer Samplen ze maachen ouni den James Brown ze erwänen. Hien ass dee meeschtgesampelte Kënschtler vun allen Zäiten.
headphones

8 min

play_arrow

The O'Jays - For the Love of Money

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus.
headphones

0 min

Taana Gardner - Heartbeat

1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren
headphones

0 min

David Axelrod - The Sign

Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hie war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl.
headphones

0 min

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf.
headphones

0 min

Rick James - Mary Jane

Rick James - Mary Jane

1978 kennt dem Rick James seng zweet Maxi "Mary Jane" eraus.
headphones

10 min

play_arrow

Tom Tom Club - Genious of Love

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen.
headphones

0 min

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kënnt den historeschen Hindi Film "Taj Mahal" mam Lidd "Chandhi Ka Badan" eraus, ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee als Bollywood Musical e grousse Succès.
headphones

0 min

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dem Soul an R&B Sänger säi gréissten Hit (1984) als Solo-Artist
headphones

0 min

Al Green - I'm Glad You're Mine

Ee vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop, 1972 erauskomm, staamt vum Al Green, Soul- an Gospel Sänger.
headphones

0 min

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

0 min

Marvin Gaye - Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)

1971 kënnt dëst Meeschterwierk hei eraus "Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)" vum Sänger Marvin Gaye.
headphones

0 min

Grover Washington Jr. - Just The Two Of Us (Feat. Bill Withers)

1981 bréngt ee vun den bekanntsten Jazz-Saxofon-Spiller vun der Welt a Grënner vun der Smooth Jazz Branche dëst Lidd eraus.
headphones

0 min

Barry White - I'm Gonna Love You Just A Little More, Baby

Eng vun deene meescht gesampelte Perkussiounen am Hip-Hop
headphones

0 min

The Mohawks - The Champ

Ee vun de meescht gesampelten Songs iwwerhaapt, laut Google waren et 728 Mol. D'Lidd ass selwer e Cover vum Song "Tramp" vum Lowell Fulsom.
headphones

0 min

Stevie Wonder - Pastime Paradise

Stevie Wonder - Pastime Paradise

D'Lidd vum onvergläichlechen amerikaneschen Kënschtler, dem musikalesche Genie, koum 1976 um Label Tamla Records eraus, eng Subdivisioun vu Motown Records.
headphones

8 min

play_arrow