Radioen

On air

Thé Dansant  |  Isaac Hayes And David Porter - Ain't That Loving You (For More Reasons Than One)

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ James Brown - Funky President (People It's Bad)

James Brown - Funky President (People It's Bad)

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et ass schwéier eng Sendung iwwer Samplen ze maachen ouni den James Brown ze erwänen. Him gëtt gréisstendeels déi Haaptentwécklung vu Soul a Funk Musek zougeschriwwen, dowéinst krut hien esou Nimm wéi The Godfather of Soul oder Mr. Dynamite kritt. Seng Karriär huet bal 50 Joer gedauert, éier hien am Joer 2006 gestuerwen ass. Hien ass dee meeschtgesampelte Kënschtler vun allen Zäiten, dohier ass et schwéier e Resumé vu fënnef Minutten ze maachen. Hien huet an de 50er a 60er mat Gospel an R'n'B ugefaangen. De Brown huet non stopp säi Sound an dee vu senger Band perfektionéiert: d'Perkussioun huet ëmmer méi eng grouss Roll gespillt, d'Rhythme goufe méi komplex, an et gouf manner richteg gesongen, bis datt hien Ufank de 70er Jore Funk als seng Museksrichtung etabléiert hat. Säin 39. Album "Reality" ass bei Wäitem net dee bekanntsten, et ass fir seng Verhältnisser en engagéierte bis trauregen Album, mee en enthält ee vun den bekanntsten Drum Breaks, an zwar um Lidd "Funky President (People It's Bad)". De Groove vun den Drums ass richteg ustiechend, et héiert een hypnotesch Keyboards an aggressiv Bléiser Parts, begleet vu rhythmesche Gittare Riffs, accentuéiert duerch eng Wahwah Pedall. Dat Ganzt baut déi perfekt Basis fir dem Brown seng kräfteg Stëmm ervirzehiewen. D'Lidd hat just e mëttelméissege kommerziellen Erfolleg, mee gouf Google no bal 1.000 Mol gesampelt. Op déi verréckten Ziffer kënnt een, wann een d'Lidder opzielt, déi all e mini Deel aus dem Brown sengem Lidd gesampelt hunn: sief et dem Brown säin "Yeah" vum Ufank, oder just de Sound vun der isoléierter Snare, oder déi ganz éischt zwee Täkt ...

Hei sinn e puer Lidder, déi "Funky President" gesampelt hunn, et ass net ganz esou einfach de Sample erauszehéieren, well et meeschtens just ëm d'Batterie geet, déi zerschnidden an nei verdeelt gouf. Mee zum Beispill allkéiers wann Dir op "Hip Hop Hooray" vun Naughty by Nature danzt, da beweegt Dir Iech eigentlech op dem James Brown seng Drums, déi hei méi lues gespillt goufen. Dat war um drëtten Album "19 Naughty III" vun der East Coast Rap Grupp Naughty by Nature, deen 1993 erauskoum. Zesumme mat "O.P.P" ass et eent vun de bekanntste Raplidder vun der Golden Age Era, wouduerch de Rap Trio aus New Jersey weltbekannt gouf.

Och hei sinn et Drums, déi iwwerholl goufen. Dem KRS One säi Lidd "Outta Here" gouf vum DJ Premier produzéiert a war op sengem éischte Solo Album "Return of the Boom Bap" ze fannen. Et bleift net méi vill vum James Brown iwwreg, mee ouni seng Perkussioun hätt eng ganz Era vum Hip-Hop warscheinlech ganz anescht geklongen.

Drums vum James Brown ware beim DJ Premier ganz beléift. Hien huet vill Lidder doraus gemaach, wéi zum Beispill och dat heiten: "Supa Star" vu Group Home. Si sinn och vun New York a waren en Deel vun der Gangster Foundation. Vun 2000 un huet een näischt méi vun hinnen héieren.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow