Radioen

On air

Thé Dansant  |  Monomono - Give The Beggar A Chance

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ The O'Jays - For the Love of Money

The O'Jays - For the Love of Money

headphones

0 min

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus. D'Formatioun war 1958 entstanen, a si hat e puer kleng Hits wéi zum Beispill "Lonely Drifter" an den 60er, deemools ware si nach zu fënnef. Wéi d'Grupp gesinn huet, datt se warscheinlech ni grousse Succès wäert hunn, verloossen zwee Memberen d'Band. Mee am Joer 1972 kënnt alles anescht. Si stellen en neit Produktiounsteam an, Gamble & Huff, an ënnerschreiwe beim Philadelphia International Records Label.

Gamble & Huff si bekannt dofir, dee gréissten Deel vum Philly Soul Sound erfonnt ze hunn. Si hunn zum Beispill dem Billy Paul säin "Me and Mrs. Jones" produzéiert. Hir Produktioun ass gekennzeechent duerch knuspregen Drums an eng omnipresent Bassline - notamment ass bei dësem Lidd souguer e Wahwah an e Flanger Effekt op der Bass. Vun deem Moment u wéi The O'Jays vu Gamble & Huff produzéiert goufen, lande si een Hit nom aneren, spillen um Fernsee bei "Soul Train" a beherrschen déi amerikanesch Charts fir e puer Joer. Wa si dëst Lidd live gespillt hunn, hunn d'Zuschauer dacks en Dollarschäin erausgeholl an domat gedanzt. Hire politeschen Engagement war ni zweetrangeg, wéi een et um Cover vun hirem Album "Ship Ahoy" gesäit, wou d'Membere vum Grupp op engem Sklaveschëff illustréiert sinn.

Et huet net laang gedauert, bis de Sample dann och nees opgegraff gouf. 1985 huet de Grandmaster Melle Mel & The Furious Five effektiv d'Bassline gesampelt. Nodeems de Grandmaster Flash d'Furious Five verlooss hat, gëtt de Melle Mel de Leader vun der Grupp an huet mëttelméissege Succès mat e puer Lidder, notamment "Step Off". De Melle Mel spillt och eng kleng Roll am Film "Beat Street" an huet zu dëser Zäit e Lidd mat Chaka Khan erausbruecht, wat och zum Succès vu senger Rapgrupp bäidréit. Si bréngen dëst Lidd bei Sugar Hill Records eraus.

Eng aner interessant Utilisatioun ass vum DJ Rabauke an Dendemann, och bekannt als Eins Zwo vun Hamburg. Hiert Lidd heescht "Es ist nicht so wie du denkst" an ass en Deel vum Soundtrack vum Film "Kurz und schmerzlos". Dendemann ass ee vun den begaabtsten MCs aus Däitschland a beweist dat hei mat senge Wuertspillereien. D'Grupp huet sech 2003 getrennt, an den Dendemann ass säitdeem zäitweis op ZDFneo ze gesinn.

Et ginn nach eng ganz Rei Lidder, op deenen d'The O'Jays mol besser mol manner gutt gesampelt goufen, mee ee bizaart Beispill wier nach déi franséisch Sängerin Dalida. Si mécht 1980 eng Reprise op Englesch, esou gutt si kann. Et ass iergendwéi befriddegend, mee och bosseg ze gesinn, datt "For the Love of Money" et souguer bis an de franséische Pop gespackt huet.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow