De Sample vun der Woch
Rick James - Mary Jane
10 min
1978 kënnt d'Lidd "Mary Jane" vun Rick James zesumme mat senger Grupp Stone City Band eraus. Et war déi zweet Single, no "You and I", ze fannen op sengem Debutalbum "Come Get It!". De Rick James ass 1948 zu New York gebuer. No enger mouvementéierten Jugend a ville klengen Gruppen, an deenen hie gespillt huet, hëlt den James säin éischten Album 1978 mat senger Grupp Stone City Band zu New York op. Als Multi-Instrumentalist huet hien dat meescht selwer geschriwwen a gespillt. Hien huet deemools beim Motown Sublabel Gordy Records ënnerschriwwen an huet dem Label säin éischte kommerziellen Hit zanter Jore bruecht. Si ware grad an enger schlechter Phas.
Den James seet, hien wier staark beaflosst vu Marvin Gaye a Stevie Wonder, mee säi Sound klengt och vill no Rock Fusiounen an New Wave. Méi spéit deeft hien da säin eegene Genre Punk-Funk. Hie leet hei mat sengem Nummer 1 Hit "Mary Jane" d'Fondatioune fir de Rescht vu senger Welt-Karriär an allgemeng fir d'Entwécklung vu senger hybrider Funk Musek. Den Titel gouf därmoossen zu engem Kulturbegrëff, datt hie kuerz drop Mary Jane Girl's gegrënnt huet, eng Girlgrupp aus sengen ale Backup-Sängerinnen, vun deenen hien och eent bestuet. Seng rapid Karriär a säi verréckte Superstar Lifestyle huet leider dozou geféiert, datt hie mat 56 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen ass. Den Track "Mary Jane" gouf natierlech am Rap zu enger allgemenger Hymn, engersäits wéinst dem Rick James senger extravaganter Personalitéit, anerersäits awer och wéinst senger net all ze verstoppter Libeserklärung u Marihuana, och Mary-Jane genannt.
Den Irv Gotti sampelt dem Rick James säi Lidd wéinst der Ufro vun der Jennifer Lopez hirem Label. Hie mécht doraus dem J-Lo hiren "I'm Real (Murder Remix feat. Ja Rule and Ashanti)". J-Lo ass eng Latino Pop Sängerin, déi mat dësem Lidd probéiert e puer Hip-Hopper-Häerzen ze eruerweren. Hiren Text ass geschriwwe vum Ja Rule an ass gläichzäiteg um J-Lo hirem zweeten a Ja Rule sengem drëtten Album. De Remix ass zimmlech lächerlech a steet fir ratéiert Pop-Rap-Mëschungen, wéi et der Enn 90er onendlech vill goufen. Et gouf awer e Welthit an huet doduerch eng gewëssen Aart vun Hip-Hop e bësse méi an d'Rampenlicht bruecht.
Ee vill méi authentesche Remix bitt de Redman mat "Smoke Buddah". Produzéiert vum Redman selwer war en op sengem zweeten Album "Muddy Waters" ze fannen, dee 96 erauskoum. Theematesch passt de Redman natierlech wéi d'Fauscht op d'A, well hien erkläert mat sengem übleche Storytelling Talent, wat hie fëmmt a firwat hien dat esou gär mécht.
De Sample huet et souguer bis a Japan geschafft mam DJ Honda. Hie sampelt de Rick James fir d'Lidd "On the Mic". Hie luet d'Amerikaner A.L., Cuban Link, Juju & Missin' Linx op säi Lidd an, dat ganz war um Album "HII" ze héieren.