Radioen

On air

Resonanzen  |  « Au gré des vents »

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet. Nieft verschiddene Solo Projete war DeBarge als Kollektiv aktiv tëschent 1979 an 1989. D'Grupp bestoung ursprünglech aus de Memberen El, Mark, Randy a Bunny DeBarge. Den James, Bobby an Chico DeBarge koume méi spéit bäi.

DeBarge huet sechs Studioalbumen erausbruecht, véier vun hinne bei der Motown Duechtergesellschaft Gordy Records, woubäi dee leschten dee meeschtverkaaften ass. Fir hiren éischten Album, dee kee Succès hat, hu si sech nach The DeBarges genannt. 1982 hu si hire Brudder James an de Cousin Cameron an d'Opstellung vun der Grupp bäigefüügt an nenne sech elo just nach Debarge. Si huele kuerz drop hiren zweeten Album "All This Love" an den Motown Studios op, mat der fermer Intentioun en Hit ze schreiwen, e bësse wéi d'Jackson 5 vun den 80er. Esou kënnt et dann och zu hirem Duerchbroch, besonnesch mam Lidd "I Like It", mat de super héijen Noute vum Refrain, gesongen vum El Debarge. D'Lidd koum am August 1982 eraus an huet et bis op Nummer 2 an den RnB Charts gepackt a war och gläichzäiteg an de Pop Charts. No dësem Erfolleg gouf d'Grupp vum deemolege Superstar Luther Vandross ausgewielt fir hien op senger "Busy Body Tour" ze begleeden. Fir d'Grupp ass et leider duerno net méi esou gutt ausgaangen, si krute warscheinlech Problemer mat Motown an ënner sech.

Mee de Refrain vun "I Like It" gouf bal 100 Mol am Hip-Hop gesampelt. Dat bekanntste Beispill ass warscheinlech vum Grand Puba, deen d'Hook quasi eent zu eent iwwerhëlt. Säi Lidd heescht och "I Like It (I Wanna Be Where You Are)" a kënnt 1995 op sengem Album "2000" eraus.

Warren G iwwerhëlt de Sample och fir seng Westcoast Hymne "I Want It All" vu sengem Album mam selwechten Numm. Dee koum 1999 eraus a war featuring Mack 10.

De Sample gëtt duerch d'Joerzéngten ëmmer nees benotzt, e rezent Beispill ass "The Baddest" vum Joey Bada$$ sengem leschten Album, deen och "2000" heescht. Den Track ass erstaunlecherweis vum P Diddy begleet.

Musek

Episoden

Soft Machine - Drop

Soft Machine - Drop

Soft Machine ass eng englesch Band vun 1966. Hire Sound geet vu progressivem Rock bis Jazz Fusion. 1972 kënnt hire fënneften Album eraus mam Titel "5".
headphones

11 min

play_arrow

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm.
headphones

0 min

Bernard Wright - Who Do you Love

Den Bernard Wright bréngt 1985 dëst wonnerbaart Lidd eraus um Album "Mr. Wright". Hien huet viru senger Solokarriär mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl.
headphones

0 min

Teena Marie - Square Biz

D'Teena Marie war eng amerikanesch Singer-Songwriterin, déi vun 1956 bis 2010 gelieft huet. Si hat grousse Succès a gouf och "The Ivory Queen of Soul" genannt.
headphones

0 min

James Brown - Funky President (People It's Bad)

James Brown - Funky President (People It's Bad)

Et ass schwéier eng Sendung iwwer Samplen ze maachen ouni den James Brown ze erwänen. Hien ass dee meeschtgesampelte Kënschtler vun allen Zäiten.
headphones

8 min

play_arrow

The O'Jays - For the Love of Money

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus.
headphones

0 min

Taana Gardner - Heartbeat

1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren
headphones

0 min

David Axelrod - The Sign

Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hie war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl.
headphones

0 min

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf.
headphones

0 min

Rick James - Mary Jane

Rick James - Mary Jane

1978 kennt dem Rick James seng zweet Maxi "Mary Jane" eraus.
headphones

10 min

play_arrow

Tom Tom Club - Genious of Love

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen.
headphones

0 min

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kënnt den historeschen Hindi Film "Taj Mahal" mam Lidd "Chandhi Ka Badan" eraus, ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee als Bollywood Musical e grousse Succès.
headphones

0 min

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dem Soul an R&B Sänger säi gréissten Hit (1984) als Solo-Artist
headphones

0 min

Al Green - I'm Glad You're Mine

Ee vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop, 1972 erauskomm, staamt vum Al Green, Soul- an Gospel Sänger.
headphones

0 min

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

0 min

Marvin Gaye - Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)

1971 kënnt dëst Meeschterwierk hei eraus "Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)" vum Sänger Marvin Gaye.
headphones

0 min

Grover Washington Jr. - Just The Two Of Us (Feat. Bill Withers)

1981 bréngt ee vun den bekanntsten Jazz-Saxofon-Spiller vun der Welt a Grënner vun der Smooth Jazz Branche dëst Lidd eraus.
headphones

0 min

Barry White - I'm Gonna Love You Just A Little More, Baby

Eng vun deene meescht gesampelte Perkussiounen am Hip-Hop
headphones

0 min

The Mohawks - The Champ

Ee vun de meescht gesampelten Songs iwwerhaapt, laut Google waren et 728 Mol. D'Lidd ass selwer e Cover vum Song "Tramp" vum Lowell Fulsom.
headphones

0 min

Stevie Wonder - Pastime Paradise

Stevie Wonder - Pastime Paradise

D'Lidd vum onvergläichlechen amerikaneschen Kënschtler, dem musikalesche Genie, koum 1976 um Label Tamla Records eraus, eng Subdivisioun vu Motown Records.
headphones

8 min

play_arrow