Radioen

On air

Thé Dansant  |  Allen Toussaint - Southern Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt. Hien huet 22 Albumen an enger 43 Joer laanger Karriär erausbruecht an ass 2014 mat 70 gestuerwen. Hie gouf am November 1968 quasi vun 0 op 100 berüümt, an dat duerch seng Reprise vun de Beatles hirem Lidd "A Little Help from My Friends". Seng Performance um Woodstock Festival huet dëse Succès bestätegt.

No sengen erfollegräichen zwee éischten Albume geet hie mat 40 aneren Artisten op eng enorm Welttournée, déi "Mad Dogs & Englishmen" geheescht huet. No senger Tournée muss hie leider mat Addiktioune kämpfen, doduerch kënnt säin drëtten Album, vun deem dat heite Lidd staamt, leider net méi op den Niveau vun deenen zwee éischten. Effektiv ass "Something to Say" den drëtte Studioalbum vum Joe Cocker, 1972 erauskomm. Dësen Album huet dem Cocker seng Richtungsännerung an eng méi jazzy Blues-Stilrichtung däitlech gemaach. E krut vun der Press e gudden Accueil, mee hat beim Publikum just e mëttelméissege Succès. Den Album ass an deem Sënn ongewéinlech, well de Cocker d'Texter zu sechs vun eelef Lidder selwer geschriwwen huet. "Woman to Woman" ass eent vun de fënnef Lidder, déi hien zesumme mam Chris Stainton geschriwwen huet.

Den Haaptinterêt vun dëser Plack bleift awer d'Tatsaach, datt 23 Joer méi spéit deen deemolege bekanntste Rapper vun der Westcoast "Woman to Woman" als Basis fir säi gréissten Hit benotzt, an zwar "Califoria Love". Effektiv produzéiert den Dr Dre dem 2Pac e Welthit mat enger Joe Cocker Melodie: wien hätt dat geduecht? Am Mad Max Outfit rappen déi zwee Kolleegen aus Compton an hirem Video iwwer hire kalifornesche Lifestyle. Dëst Lidd war um 2Pac sengem Duebelalbum "All Eyez on Me".

Mee dat wat wéineg Leit wëssen, ass datt de Cocker schonn iwwer eng Dose Kéiere virum Dr Dre gesampelt gouf. Zum Beispill vu Wreckx-N-Effect, Kenny Dope oder Nice & Smooth. Am Hannergrond d'Versioun vun Ultramagnetic MC's. Si benotzen de Sample fir hiert Lidd "Funky", dat op hirem Album "Critical Beatdown" vun 1988 war.

Musek

Episoden

Soft Machine - Drop

Soft Machine - Drop

Soft Machine ass eng englesch Band vun 1966. Hire Sound geet vu progressivem Rock bis Jazz Fusion. 1972 kënnt hire fënneften Album eraus mam Titel "5".
headphones

11 min

play_arrow

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm.
headphones

0 min

Bernard Wright - Who Do you Love

Den Bernard Wright bréngt 1985 dëst wonnerbaart Lidd eraus um Album "Mr. Wright". Hien huet viru senger Solokarriär mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl.
headphones

0 min

Teena Marie - Square Biz

D'Teena Marie war eng amerikanesch Singer-Songwriterin, déi vun 1956 bis 2010 gelieft huet. Si hat grousse Succès a gouf och "The Ivory Queen of Soul" genannt.
headphones

0 min

James Brown - Funky President (People It's Bad)

James Brown - Funky President (People It's Bad)

Et ass schwéier eng Sendung iwwer Samplen ze maachen ouni den James Brown ze erwänen. Hien ass dee meeschtgesampelte Kënschtler vun allen Zäiten.
headphones

8 min

play_arrow

The O'Jays - For the Love of Money

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus.
headphones

0 min

Taana Gardner - Heartbeat

1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren
headphones

0 min

David Axelrod - The Sign

Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hie war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl.
headphones

0 min

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf.
headphones

0 min

Rick James - Mary Jane

Rick James - Mary Jane

1978 kennt dem Rick James seng zweet Maxi "Mary Jane" eraus.
headphones

10 min

play_arrow

Tom Tom Club - Genious of Love

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen.
headphones

0 min

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kënnt den historeschen Hindi Film "Taj Mahal" mam Lidd "Chandhi Ka Badan" eraus, ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee als Bollywood Musical e grousse Succès.
headphones

0 min

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dem Soul an R&B Sänger säi gréissten Hit (1984) als Solo-Artist
headphones

0 min

Al Green - I'm Glad You're Mine

Ee vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop, 1972 erauskomm, staamt vum Al Green, Soul- an Gospel Sänger.
headphones

0 min

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

0 min

Marvin Gaye - Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)

1971 kënnt dëst Meeschterwierk hei eraus "Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)" vum Sänger Marvin Gaye.
headphones

0 min

Grover Washington Jr. - Just The Two Of Us (Feat. Bill Withers)

1981 bréngt ee vun den bekanntsten Jazz-Saxofon-Spiller vun der Welt a Grënner vun der Smooth Jazz Branche dëst Lidd eraus.
headphones

0 min

Barry White - I'm Gonna Love You Just A Little More, Baby

Eng vun deene meescht gesampelte Perkussiounen am Hip-Hop
headphones

0 min

The Mohawks - The Champ

Ee vun de meescht gesampelten Songs iwwerhaapt, laut Google waren et 728 Mol. D'Lidd ass selwer e Cover vum Song "Tramp" vum Lowell Fulsom.
headphones

0 min

Stevie Wonder - Pastime Paradise

Stevie Wonder - Pastime Paradise

D'Lidd vum onvergläichlechen amerikaneschen Kënschtler, dem musikalesche Genie, koum 1976 um Label Tamla Records eraus, eng Subdivisioun vu Motown Records.
headphones

8 min

play_arrow