Radioen

On air

19:00  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Dionne Warwick ass 1940 zu New Jersey, USA gebuer. Och wann d'Warwick als Kand an der Kierch gesongen huet, ass si keng Gospel-Sängerin. D'Ella Fitzgerald an d'Sarah Vaughan si kloer Aflëss, awer si ass och keng Jazzsängerin. R&B ass e weideren Deel vun hirem Hannergrond, awer si ass och net wierklech eng Soul Sängerin, zumindest net esou wéi d'Aretha Franklin. Si ass souzesoen eng komplex Mëschung vun all deem, an enger Period, an där d'Elvis Presley Ära just eriwwer, an d'Beatles Mania nach net ganz do war. Hire Sound ass definéiert duerch hir zwee musikalesch Mentoren a Produzenten: den Burt Bacharach, deen d'Musek entworf an den Hal David, deen d'Texter geschriwwen huet. Et ass an deem Kontext, wou d'Lidd "Walk on By" am Joer 1963 entstanen ass. Dat Lidd war op hirem drëtten Album "Make Way for Dionne Warwick".

"Walk on By" ka wierklech e Pop-Standard genannt ginn. D'Lidd war op Plaz 51 op der Rolling Stone Lëscht vun The 500 Greatest Songs of All Time, deen zweet héchste Solo Song vun enger Fra op där Lëscht no "Respect" vun der Aretha Franklin.

D'Lidd gouf Dosende Mol gecovered ginn, zum Beispill vun de Stranglers, Gloria Gaynor, D-Train oder Seal, mee dem Bobby Bieles seng Liblingsversioun ass den 12 Minutte Cover vum Isaac Hayes. Hien huet d'Lidd fënnef Joer no der Warwick nei opgeholl fir säin Album "Hot Buttered Soul".

Déi schwéier an düster Gittar um Ufank vum Hayes sengem Cover gouf dacks gesampelt, zum Beispill am MF Doom sengem "Dead Bent" op sengem Album "Operation Doomsday" vum Joer 1999. Hie spillt dem Hayes säi Sample méi séier of a mécht e bizaart Storytelling Lidd doraus.

Eng aner bemierkenswäert Versioun vum Cover vun der Dionne Warwick gouf um Lidd "Une balle dans la tête" vun der Bréisseler Grupp De Puta Madre benotzt. Dat war op hirem Album mam selwechten Numm, deen am Joer 1995 erauskoum.

Musek

Episoden

Soft Machine - Drop

Soft Machine - Drop

Soft Machine ass eng englesch Band vun 1966. Hire Sound geet vu progressivem Rock bis Jazz Fusion. 1972 kënnt hire fënneften Album eraus mam Titel "5".
headphones

11 min

play_arrow

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm.
headphones

0 min

Bernard Wright - Who Do you Love

Den Bernard Wright bréngt 1985 dëst wonnerbaart Lidd eraus um Album "Mr. Wright". Hien huet viru senger Solokarriär mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl.
headphones

0 min

Teena Marie - Square Biz

D'Teena Marie war eng amerikanesch Singer-Songwriterin, déi vun 1956 bis 2010 gelieft huet. Si hat grousse Succès a gouf och "The Ivory Queen of Soul" genannt.
headphones

0 min

James Brown - Funky President (People It's Bad)

James Brown - Funky President (People It's Bad)

Et ass schwéier eng Sendung iwwer Samplen ze maachen ouni den James Brown ze erwänen. Hien ass dee meeschtgesampelte Kënschtler vun allen Zäiten.
headphones

8 min

play_arrow

The O'Jays - For the Love of Money

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus.
headphones

0 min

Taana Gardner - Heartbeat

1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren
headphones

0 min

David Axelrod - The Sign

Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hie war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl.
headphones

0 min

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf.
headphones

0 min

Rick James - Mary Jane

Rick James - Mary Jane

1978 kennt dem Rick James seng zweet Maxi "Mary Jane" eraus.
headphones

10 min

play_arrow

Tom Tom Club - Genious of Love

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen.
headphones

0 min

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kënnt den historeschen Hindi Film "Taj Mahal" mam Lidd "Chandhi Ka Badan" eraus, ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee als Bollywood Musical e grousse Succès.
headphones

0 min

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dem Soul an R&B Sänger säi gréissten Hit (1984) als Solo-Artist
headphones

0 min

Al Green - I'm Glad You're Mine

Ee vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop, 1972 erauskomm, staamt vum Al Green, Soul- an Gospel Sänger.
headphones

0 min

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

0 min

Marvin Gaye - Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)

1971 kënnt dëst Meeschterwierk hei eraus "Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)" vum Sänger Marvin Gaye.
headphones

0 min

Grover Washington Jr. - Just The Two Of Us (Feat. Bill Withers)

1981 bréngt ee vun den bekanntsten Jazz-Saxofon-Spiller vun der Welt a Grënner vun der Smooth Jazz Branche dëst Lidd eraus.
headphones

0 min

Barry White - I'm Gonna Love You Just A Little More, Baby

Eng vun deene meescht gesampelte Perkussiounen am Hip-Hop
headphones

0 min

The Mohawks - The Champ

Ee vun de meescht gesampelten Songs iwwerhaapt, laut Google waren et 728 Mol. D'Lidd ass selwer e Cover vum Song "Tramp" vum Lowell Fulsom.
headphones

0 min

Stevie Wonder - Pastime Paradise

Stevie Wonder - Pastime Paradise

D'Lidd vum onvergläichlechen amerikaneschen Kënschtler, dem musikalesche Genie, koum 1976 um Label Tamla Records eraus, eng Subdivisioun vu Motown Records.
headphones

8 min

play_arrow