Sot emol
Claude Mangen: D'Léift zum Theater
56 min
![on the headlines](/legacy/images/77527/image-thumb__77527__base_thumbnail/Claude%20Mangen.e4db4437.jpg)
De Claude Mangen war 25 Joer laang de Programmchef vum radio 100,7, éier hien 2018 eng nei Erausfuerderung gesicht huet an Direkter vum Mierscher Kulturhaus gouf. Mee de Claude Mangen ass awer och Theaterregisseur, Acteur, Produzent, hien huet ënner anerem den Theaterkollektiv Maskenada matgegrënnt. Hien huet eng Zäit zu Zürech an zu Wien Theater gespillt. Seng Aarbecht op der Bün war ganz breet, vu Musekstheater, Operen, Klassesch Lidder oder och vill Theater vu Lëtzebuerg anescht gekuckt. Seng Produktiounen haten ëmmer en eenzegaartege Charakter a se waren op ganz spezielle Plazen ze gesinn. Hien ass President vun der Theaterfederatioun, ass Member vum Institut Grand Ducal, souz a munche Juryen, jee, e Wee, deen engem bal den Otem hëlt, wann een zeréckkuckt.
"Mat 27 Joer op d'Schauspillschoul"
De Claude Mangen koum wéi vill anerer iwwer den Duerftheater bei den Theater, hien huet och eng Formatioun um Stater Conservatoire gemaach, Dictioun, Art dramatqiue, Regie an och Dramaturgie. Eng éischt Roll krut hien am Lëtzebuerger Theater, mee de Wëllen no méi war awer do. Jo, de Claude Mangen wollt nach op d'Schauspillschoul goen an huet seng Aarbecht dofir gekënnegt.
"An dat hunn ech mat 27 Joer gemaach, an ech hat dunn och d'Chance ëmmer an déi méi enk Selektioun ze kommen op dräi Schauspillschoulen, dat war eng Kéier Stuttgart, dat war eng Kéier Salzburg a Frankfurt, mee Frankfurt war ech net esou wäit komm. Mee Salzburg a Stuttgart war ech an den Endronnen, déi hu mer gesot: Eh, du bass 27 Joer, du bass vill ze al, an du bass och scho vill ze vill forméiert, mer kënne näischt méi mat der maachen."
De Claude Mangen huet dunn awer zu Wien an Zürech als haaptberuffleche Schauspiller geschafft, éier de Wee hien dunn als Programmchef bei de radio 100,7 geféiert huet.
E Comeback als Acteur ass méiglech
Den Ament ass de Claude Mangen Direkter vum Mierscher Kulturhaus, an dat wëllt hien och nach eng Rei Jore bleiwen, besonnesch well hien nach e puer Projeten souwuel raimlech wéi vum Contenue hier realiséiere wëllt. An dann hält hien awer zu Miersch op, ouni och duerno nach mussen hei an do a Verwaltungsréit ze sëtzen oder nach iergendwéi als, wéi hie selwer seet, "Has been" ze agéieren. Hie wëllt, wann et esouwäit ass, Plaz maachen.
"An da kann et sinn, datt eppes, wat elo laang, laang geschlummert huet, nämlech Spillen, erëm waakreg gëtt. Well fir ze spille muss de fräi am Kapp sinn. Da kanns de net nach e Radio geréieren oder e Kulturhaus an eng Ekipp. A vläicht ass da Plaz am Kapp fir sech méi der Bün, wann ech dann al an daddereg sinn, a wann dann d'Luucht ugeet, villen ech mech erëm fit."
Episoden
![Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch](/legacy/images/25604/image-thumb__25604__base_thumbnail/Raymond%20Weber.9cd30f39.jpg)
Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch
De Raymond Weber, ee professionell grad ewéi privat ganz engagéierte Mënsche ass den Invité beim Jean CLaude Majerus, a si schwätzen ënenrt anerem iwwert Kultur, Afrika an Entwécklungspoliti
![Jessie Lang: "Hu mir en Dram erfëllt"](/legacy/images/81643/image-thumb__81643__base_thumbnail/Jessie%20Lang.f791ee61.jpg)
Jessie Lang: "Hu mir en Dram erfëllt"
Déi jonk Fotografin, déi sech nom Studium selbstänneg gemaach huet, ass Invitée.
![Loïc Schlentz: De Musical ass meng Passioun](/legacy/images/81175/image-thumb__81175__base_thumbnail/Lo%C3%AFc%20Schlentz.d3671ba6.jpg)
Loïc Schlentz: De Musical ass meng Passioun
De Sänger, Acteur an Dänzer ass Invité.
![Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"](/legacy/images/80740/image-thumb__80740__base_thumbnail/Claude%20de%20Demo.e27d9148.jpg)
Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"
D'Lëtzebuerger Actrice, déi aktuell fest um Berliner Ensembel zu Berlin schafft, ass d'Invitée.
![Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"](/legacy/images/23960/image-thumb__23960__base_thumbnail/Ana%20Pinto.b20f8e51.jpg)
Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"
D'Invitée ass Affer vu Gewalt am Stot a grënnt eng Associatioun, fir datt Betraffener méi Rechter kréien, wa politesch a juristesch Reforme gemaach ginn. Si verzielt hir Geschicht.
![Fränz Hausemer: "De musikalesche Cineast"](/legacy/images/73564/image-thumb__73564__base_thumbnail/Fr%C3%A4nz%20Hausemer.14426c33.jpg)
Fränz Hausemer: "De musikalesche Cineast"
De Museker, Sänger, Pianist a virun allem Cineast ass den Invité.
![Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"](/legacy/images/71224/image-thumb__71224__base_thumbnail/Isabelle%20Marinov.ae22c170.jpg)
Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"
Hiren Dram Autorin ze ginn huet d'Isabelle Marinov sech mat vill Duerchsetzungsverméigen an Disziplin verwierklecht.
![Claude Mangen: D'Léift zum Theater](/legacy/images/77527/image-thumb__77527__base_thumbnail/Claude%20Mangen.e4db4437.jpg)
Claude Mangen: D'Léift zum Theater
Dee fréieren 100,7-Programmchef, aktuellen Direkter vum Mierscher Kulturhaus, Acteur a Regisseur ass den Invité.
![Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"](/legacy/images/24875/image-thumb__24875__base_thumbnail/Sarah%20Grunert.01db4115.jpg)
Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"
D'Actrice mat engem Lien zu Lëtzebuerg ass Invitée.
![Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären](/legacy/images/25106/image-thumb__25106__base_thumbnail/Philippe%20Schockweiler.ca5725af.jpg)
Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären
De Journalist liwwert seng Impressiounen vun enger vu senge Reesen an d'Ukrain.
![Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"](/legacy/images/72640/image-thumb__72640__base_thumbnail/Nicole%20Max.2cea186a.jpg)
Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"
D'Lëtzebuerger Actrice, déi scho laang zu Paräis lieft, ass Invitée.
![Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"](/legacy/images/74479/image-thumb__74479__base_thumbnail/Serge%20Tonnar.f2d0fa01.jpg)
Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"
Den onofhängegen Auteur, Komponist, Interpret a Schauspiller, am Theater souwuel wéi am Kino, ass Invité.
![Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"](/legacy/images/77410/image-thumb__77410__base_thumbnail/Larisa%20Faber.2e6dc556.jpg)
Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"
D'Invitée ass Actrice, Autorin, Regisseurin. Si huet Musek gemaach an an England Film a Schauspill studéiert.
![Claude Mangen: D'Léift zum Theater](/legacy/images/77527/image-thumb__77527__base_thumbnail/Claude%20Mangen.e4db4437.jpg)
Claude Mangen: D'Léift zum Theater
Dee fréieren 100,7-Programmchef, aktuellen Direkter vum Mierscher Kulturhaus, Acteur a Regisseur ass den Invité.
![Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"](/legacy/images/77410/image-thumb__77410__base_thumbnail/Larisa%20Faber.2e6dc556.jpg)
Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"
D'Invitée ass Actrice, Autorin, Regisseurin. Si huet Musek gemaach an an England Film a Schauspill studéiert.
Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"
De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
![Patrick Michaely: "D'Passioun fir d'Wëssenschaft"](/legacy/images/25280/image-thumb__25280__base_thumbnail/Patrick%20Michaely.bb2ee037.jpg)
Patrick Michaely: "D'Passioun fir d'Wëssenschaft"
Den neien Direkter vum natur musée ass Invité.
![Jemp Schuster: "Vun der Musek bei den Theater"](/legacy/images/77014/image-thumb__77014__base_thumbnail/Jemp%20Schuster.bb67b2f1.jpg)
Jemp Schuster: "Vun der Musek bei den Theater"
Den Auteur, Kabarettist, Acteur a Regisseur ass Invité beim Jean Claude Majerus
![Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"](/legacy/images/24875/image-thumb__24875__base_thumbnail/Sarah%20Grunert.01db4115.jpg)
Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"
D'Actrice mat engem Lien zu Lëtzebuerg ass Invitée.
![Danielle Igniti: "Et muss een de Courage hunn net ze gefalen"](/legacy/images/24377/image-thumb__24377__base_thumbnail/Danielle%20Igniti.25910ecc.jpg)