Sot emol
Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"
56 min
D'Nicole Max hat ëmmer schonn de Wonsch Actrice ze ginn, an dee Wonsch huet si sech zu Paräis erfëllt. Obwuel si scho laang zu Paräis lieft, kënnt si reegelméisseg op Lëtzebuerg fir a Film- an Theaterprojete matzemaachen, oder fir d'Famill op der Musel ze besichen.
Et war op alle Fall e laange Wee. Wann ee wëllt Theater maachen, da mécht een dacks e puer Ëmweeër, esou och d'Nicole Max. Vum Eugène Heinen krut si de Rot, fir d'éischt eppes "Uerdentleches" ze léieren an en Diplom ze maachen, well d'Schauspillerei wier awer en haarden Job fir materiell ze iwwerliewen.
Doropshin huet d'Nicole Max fir d'éischt ee Joer hei zu Lëtzebuerg an dunn zu Paräis franséisch Literatur studéiert a parallel dozou huet si och eng Lizenz am Theater gemaach. No hirer Maîtrise wollt d'Nicole Max dunn awer hiren Dram an d'Realitéit ëmsetzen.
"Wärend menger Maîtrise hunn ech dunn ugefaangen Theatercoursen ze huelen an dunn huet dat sech lues a lues erausgeschielt. Do sinn ech och bestätegt ginn, datt dat och wierklech kéint mäi Wee sinn, datt ech och wierklech dofir gemaach wier. An dunn hunn ech meng Maîtrise fäerdeg gemaach, déi an den Tirang geluecht, an do sinn ech an d'Schauspillerei gaangen."