Sot emol
Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"
57 min
Zanter 22 Joer schafft d'Claude De Demo, no hirer Formatioun op der Schauspillschoul zu Stuttgart, ewell schonn als Actrice an Däitschland. Hir Statioune ware Bochum, Mannheim, d'Schauspiel Frankfurt, an aktuell ass si feste Member um Berliner Ensembel, dem renomméierte Brecht Theater um Schiffbauer Damm zu Berlin.
D'Claude De Demo ass éischter seelen hei am Land op den Theaterbünen ënnerwee. Si war awer an der éischter Staffel vun der Lëtzebuerger Krimiserie "Capitani" ze gesinn, eng Aarbecht an hirer Mammesprooch, déi och ganz vill Freed gemaach huet.
D'Claude De Demo huet ni hir Originne vergiess, a Lëtzebuerg bedeit fir si Heemecht a Famill. Si seet, datt si op Lëtzebuergesch ganz si selwer ass, op Lëtzebuergesch a si privat a brauch keng Roll ze spillen.
Méi dozou erzielt d'Claude De Demo dem Jean Claude Majerus.