Sot emol
Jessie Lang: "Hu mir en Dram erfëllt"
56 min
Et ass dach eent vun de schéinste Gefiller, wann ee sech kann en Dram erfëllen, a wann een deen Dram dann och nach kann a sengem Beruff verwierklechen, ass dat bestëmmt nach emol méi schéin. An deen huet d'Invitée beim Jean Claude Majerus sech erfëllt: d'Jessie Lang.
Déi nach eng ganz jonk Fotografin huet sech mat hiren 23 Joer scho selbstänneg gemaach. Si probéiert den Ament all méiglech Approchë vun der Fotografie, well si sech nach net wëllt op ee Beräich festleeën. Et ass am Fong eng Sich no sech selwer, bei där d'Jessie Lang erausfanne wëllt, wat hir am beschte gefält a vläicht och, wouranner si am beschten ass.