Sot emol
Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch
71 min
Et gi ganz vill engagéiert Mënschen op dëser Welt, déi sech privat a professionell mat all hirer Energie asetzen, a meeschtens sinn dat Mënschen déi sech ni selwer an de Mëttelpunkt stellen. Dës Iwwerleeung zielt op alle Fall fir den Invité déi Kéier an der Emissioun "Sot emol". De Raymond Weber ass esou e Mënsch, dee sech direkt fir e puer Beräicher passionéiert, a eann een dräi vu senge Passiounen géif opzielen, dat sinn dat: Kultur, Afrika an Entwécklungspolitik grad ewéi de Enseignement. De Raymond Weber erzielt dem Jean Claude Majerus vill iwwert seng Engagementer professionel grad ewéi benevole, dat geet vu senger Aarbecht am Kulturminstère iwwert söin Engagement fir d'Ecole de l'art de la marionette vum Charleville-Mézières bis bei seng Zäit als Direkter vun Lux-Development.