Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

headphones

52 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Serge Tonnar gouf déi lescht dräi Joer mat radikalen Ännerungen a sengem Liewen konfrontéiert. Mat gemëschte Gefiller gefiddert vun deelweis positiven Impulser fir nei Weeër ze goen a Momenter vun Desorientéierung an Afrostelle vu sengem Beruff a sengem Wee. Ugefaangen huet déi Transitioun 2019, wéi Legotrip opgeléist gouf.

Legotrip huet als Solo-Projet ugefaangen an ass 2011 zu enger richteger Band gewuess. Mam Eric Falchero, Rom Christnach a Misch Feinen. Dunn huet d'Pandemie an deen domadder verbonnene Lockdown de Kultursecteur brooch geluecht. An um perséinleche Plang si seng zwee Jonge mat hire Studie fäerdeg ginn a vun doheem ausgezunn. Seng zwee Bouwen, den Tun an de Luka, déi alle Béid och de Wee bei d'Musek fonnt hunn, warscheinlech vun hirem Papp getriggered.

De Serge Tonnar ass en onofhängegen Auteur, Komponist, Interpret a Schauspiller. Hien ass Autodidakt an huet aus sengem Hobby säi Beruff gemaach. Op sengem Blog nennt hie sech selwer de "Stëlltefëller".

Viru 25 Joer huet hien säi festen Job als Journalist opginn fir fräischaffende Kënschtler ze sinn, ouni Nieweverdéngscht. Warscheinlech ass hie bis haut ee vun de ganz raren, déi dat zu Lëtzebuerg vu sech behaapte kënnen. Hien huet bei Bands matgewierkt wéi Blue Screw, Battaklang, Taboola Rasa, Zap Zoo, Legotrip a Luna Boots, donieft huet hie sëllegen CDe produzéiert.

A senge sozialpolitesch kritesche Lidder geet hien u literaresch a musikalesch Texter aus der Lëtzebuerger Geschicht, gëtt hinnen en neie Sënn an hannerfreet déi ideologesch Konditiounen bannent deene se entstane sinn.

2020 huet de Serge Tonnar vun engem Klassiker aus dem ale China eng fräi Nodichtung op Lëtzebuergesch gewot. "D'Buch vum Wee" vum Tao Te King ass 400 Joer virun eiser Zäitrechnung am ale China entstanen a vum Serge Tonnar an d'Lëtzebuergescht iwwersat ginn. Dofir huet hien eng Wuertwiel getraff, déi einfach ass, ouni ze vereinfachen. Am Zesummespill mat Aquarelle vum Jean-Marie Biwer.

Ob a senge Lidder oder an de soziale Medien, de Serge Tonnar ass den Hexemeeschter vun de Wierder, déi seng Gedanke géint Homophobie, Xenophobie, Intoleranz a sozial Ongerechtegkeeten ausdrécken.

Mat "Aner Lidder" huet hie sech dem Defi gestallt seng Liblingslidder op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen an ze interpretéieren - ënner aneren - Léo Ferré, Nick Cave, Jacques Brel, Antony & the Johnsons oder John Lennon.

Haut kämpft hie fir als Kënschtler weider ze liewen an ze iwwerliewen. Dem Serge Tonnar no hätt d'Situatioun vun de Covid-Mesuren a sengem Beruff gewisen, wéi grouss d'Diskrepanz tëschent de Kënschtler selwer an dem Rescht vun der Kulturzeen ass. Hir seet: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen", wat dann och den Titel vu sengem neien Album gëtt, deen am Oktober erauskënnt.



Kultur
Musek

Episoden

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
headphones

57 min

play_arrow
Jean Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt

Jean Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt

Den Dokter Leners ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol" an erzielt eis vun sengen humanitäre Missioun an wéi en dat erlieft huet.
headphones

56 min

play_arrow
Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch

Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch

Dir gitt gewuer, wien de Mënsch ass, deen hanner der Schrëftstellerin an engagéierter Fra stécht.
headphones

78 min

play_arrow
Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin

Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin

Eng Politikerin duerch an duerch, jorelaang Deputéiert um Krautmaart, Stater Buergermeeschtesch, ë. a. Ausseministesch, Parteipresidentin an Europadeputéiert
headphones

66 min

play_arrow
Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"

Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"

D'Actrice, also d'Musical-Actrice, Sängerin, Gesangspedagogin, Achtsamkeits- a Meditatiounsenseignante an och Songwriterin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Guy Geimer: Theater ass de Wee bei d'Fantasie

Guy Geimer: Theater ass de Wee bei d'Fantasie

Den Acteur, Regisseur an Auteur, deen besonnesch och am Amateurtheater doheem ass, steet dem Jean Claude Majerus Ried an Äntwert.
headphones

70 min

play_arrow
Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen

Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen

De Lëtzebuerger Acteur a Passionéierte vun Theater a Film ass den Invité.
headphones

61 min

play_arrow
Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues Cäsar

Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues Cäsar

De Museksredakter an Expert an Auteur vund e Bicher rodnerëm den Hues Cäsar ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

71 min

play_arrow
Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek

Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek

D'Braatschistin a Matgrënnerin vum Ensembel United Instruments of Lucilin ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

D'Lëtzebuerger Actrice, déi aktuell fest um Berliner Ensembel zu Berlin schafft, ass d'Invitée.
headphones

57 min

play_arrow
Luisa Bevilacqua: "Ech sinn Erzielerin"

Luisa Bevilacqua: "Ech sinn Erzielerin"

D'Invitée ass Erzielerin, Actrice a Kënschtlerin a si huet Formatiounen an deene verschiddensten artistesche Genrë gemaach.
headphones

70 min

play_arrow
Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin

Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin

Eng Politikerin duerch an duerch, jorelaang Deputéiert um Krautmaart, Stater Buergermeeschtesch, ë. a. Ausseministesch, Parteipresidentin an Europadeputéiert
headphones

66 min

play_arrow
Brigitte Urhausen: "D'Bün war ëmmer Menges"

Brigitte Urhausen: "D'Bün war ëmmer Menges"

D'Lëtzebuerger Actrice Brigitte Urhausen ass Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun"Sot emoL"
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch

Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch

De Raymond Weber, ee professionell grad ewéi privat ganz engagéierte Mënsche ass den Invité beim Jean CLaude Majerus, a si schwätzen ënenrt anerem iwwert Kultur, Afrika an Entwécklungspoliti
headphones

71 min

play_arrow
Jessie Lang: "Hu mir en Dram erfëllt"

Jessie Lang: "Hu mir en Dram erfëllt"

Déi jonk Fotografin, déi sech nom Studium selbstänneg gemaach huet, ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Loïc Schlentz: De Musical ass meng Passioun

Loïc Schlentz: De Musical ass meng Passioun

De Sänger, Acteur an Dänzer ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

D'Lëtzebuerger Actrice, déi aktuell fest um Berliner Ensembel zu Berlin schafft, ass d'Invitée.
headphones

57 min

play_arrow
Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

D'Invitée ass Affer vu Gewalt am Stot a grënnt eng Associatioun, fir datt Betraffener méi Rechter kréien, wa politesch a juristesch Reforme gemaach ginn. Si verzielt hir Geschicht.
headphones

51 min

play_arrow
Fränz Hausemer: "De musikalesche Cineast"

Fränz Hausemer: "De musikalesche Cineast"

De Museker, Sänger, Pianist a virun allem Cineast ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow