Sot emol
Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"
56 min
Eleng nëmme mat der Beschreiwung vun der Invitée kann ee sech virstellen, datt vill Gespréichsstoff besteet. D'Esther Conter ass Actrice, also Musical-Actrice, Sängerin, Gesangspedagogin, Achtsamkeits- a Meditatiounsenseignante an och Songwriterin. Do kann een net soen, datt si just mat zwee Been am Liewen steet, mee si huet direkt véier bis fënnef Standbeen huet. Mat Musek ass et ugaangen, der Esther Conter hir grouss Passioun ass ëmmer an Direktioun Sange gaangen. An um Enn stoung d'Formatioun als Musical-Actrice a -Sängerin.
De Wee bei d'Musek kënnt net vun ongeféier, well d'Esther Conter ass an enger musikalescher Famill grouss ginn. Hire Papp ass Professer um Escher Conservatoire an hir Mamm huet Piano gespillt. Hir musikalesch Originnen leien och am Conservatoire an der Minettsmetropole.
De Jean Claude Majerus diskutéiert mat enger Esther Conter, déi sech vun engem Kappmënsch an e Gefillsmënsch verännert huet.