Sot emol
Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek
56 min
Musek berouegt. Musek mécht glécklech. Musek bréngt Mënschen zesummen an d'Musek ass, wat besonnesch wichteg ass an eiser aktueller Welt, nohalteg. An domat ass et kloer, datt et bei der Invitée ëm Musek geet.
D'Danielle Hennicot ass Braatschistin, an hiren Numm ass ganz enk mam Ensembel United Instruments of Lucilin verbonnen, an deemno mat zäitgenëssescher Musek. D'Danielle Hennicot huet hir Formatioun um Conservatoire royal zu Bréissel gemaach, an et war am Fong ëmmer kloer, datt d'Musek an hirem Liewe géif dominéieren.