Sot emol
Brigitte Urhausen: "D'Bün war ëmmer Menges"
56 min
D'Bün huet am Fong ëmmer eng Roll am Liewe vun der Brigitte Urhausen gespillt. Ugefaangen huet alles als Kand mat Ballet, mee dunn an der Primärschoul wou si en éischt Theaterstéck gespillt huet, huet si gemierkt - dat ass eppes fir mech. An dat dass och esou bliwwen, si huet am Lycée Theater gemaach, d'Formatioun um Conservatoire an dunn no der Première d'Schauspillschoul zu Stuttgart. An zanter hier ass d'Brigitte Urhausen ëmmer nees ze gesinn, op däitschsproochege Bünen awer och zu Lëtzebuerg an och um grousse wéi um klengen Ecran. An iwwert hiert d'Schauspillerliewe schwätzt de Jean Claude Majerus mat der Brigitte Urhausen an der Emissioun "Sot emol".