Sot emol
Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues Cäsar
71 min
D'Musek an en Hues, den Cäsar sinn zwee Haaptpunkten déi een aus dem Liewen vum Invité an der Emissioun Sot emol déi een Kéier kann eraus gräifen. Hien ass iwwer Ëmweeër als Museksredakter dach schonn eng Referenz ginn, an dann ass hien och iergendwann mat enger grousser Fantasie zum Schreiwen fonnt, an huet den Hues Cäsar am Fong op d'Welt gesat. Re Ritchie Rischard ass den Invité beim Jean Claude Majerus an d'Musek ass schonn e Beräisch deen hien vun ganz ganz kleng u beréiert huet an e gouf an enger Zäit gebuer wou d'Beatles dach d'Musekswelt dominéiert hunn. An et gëtt eosu guer gesot en hätt als klengt Kanner esou guer éischter "Yeah, Yeah, Yeah" gesot wéi Mamma oder Pappa.