Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De fréieren Vëlosprofi Lucien Didier war tëschent 1978 an 1984 direkt sechs Mol um Depart vun der Grande Boucle. De Lucien Didier ass fir d'Equipe Renault deemools gefuer, an hie war bei véier vu fënnef Schlussvictoirë vum Bernard Hinault an zwee Mol beim Laurent Fignon mat derbäi. Dernieft ass de Lucien Didier och zwee Mol d'Vuelta, den Tour duerch Spuenien an den Giro d'Italia gefuer. Mat och nach Champion-Titelen zu Lëtzebuerg, zwou Victoirë beim Tour duerch Lëtzebuerg, war zwee Mol bei Olympesche Spiller. 1972 zu München an 1976 zu Montreal derbäi an hie war Sportler vum Joer.

De Lucien Didier an dat huet de groussen Bernard Hinault selwer gesot, war dacks um Dill fir säi Chef d'Equipe de Bierg mat eropzehuelen, wat de Lëtzebuerger Coureur och normal fënnt, well si ebe fir den Hinault gefuer sinn. A bis haut huet de Lucien Didier och en enke Kontakt mam Bernard Hinault. Si telefonéieren dacks mateneen oder si gesi sech op Courssen.


"An hie war och hei beim Laurent op der Hochzäit, mir hu schonn e gudden Kontakt, an ech kann nëmmen dee Mann do respektéieren."


19. Juli 1984: 20. Etapp vu Morzine op Crans Montanna

Dëst war wärend dem Lucien Didier sengem leschten Tour de France awer eng ganz besonnesch Etapp, well genee op deem Dag koum dem Lëtzebuerger Sportler vu Joer säi Fils Laurent, dee spéider och Vëlosprofi gouf, op d'Welt . An no der Arrivée wollt de Lucien Didier just nach heem telefonéiere fir gewuer ze ginn, wéi et senger Fra a sengem Fils geet. Mee dat war net esou einfach, am Hotel waren Telefonen all besat a virun der Telefonskabinn am Duerf stoung och eng Schlaang. A wéi de Lucien Didier do stoung ze waarden, ass e Lëtzebuerger laanscht gaangen an huet gefrot, wat hien dann do géif maachen.


"Ech sot, ech wëll gären heem telefonéieren. (...) Do seet deen, komm, ech hunn hei en Appartement, gees de mat, an da riffs de vun do un."


D'Schoul geet vir

An dozou steet de Lucien Didier och nach haut, hien huet dat bei sengem Bouf gemaach, a hie réit dat och allen aneren. En Ofschloss ass wichteg, well et weess een ni, wat kënnt, eng Blessure, eng Chute oder et kritt ee kee Kontrakt, a schonn ass et eriwwer, an dann? An dofir huet de Lucien och op d'Schoul bei sengem Fils gepocht.


"Ech hunn och mengem Bouf gesot, hei lauschter, ech maachen alles mat. Vëlo, mee d'Schoul muss klappen. Wann d'Schoul net klappt, gëtt de Vëlo op den Nol gehaangen, bis dat klappt."


Politik a Gesellschaft

Episoden

Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

Hiren Dram Autorin ze ginn huet d'Isabelle Marinov sech mat vill Duerchsetzungsverméigen an Disziplin verwierklecht.
headphones

57 min

play_arrow
Claude Mangen: D'Léift zum Theater

Claude Mangen: D'Léift zum Theater

Dee fréieren 100,7-Programmchef, aktuellen Direkter vum Mierscher Kulturhaus, Acteur a Regisseur ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

D'Actrice mat engem Lien zu Lëtzebuerg ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären

Philippe Schockweiler: Vum Klasseclown zum Humanitären

De Journalist liwwert seng Impressiounen vun enger vu senge Reesen an d'Ukrain.
headphones

52 min

play_arrow
Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"

Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"

D'Lëtzebuerger Actrice, déi scho laang zu Paräis lieft, ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

Den onofhängegen Auteur, Komponist, Interpret a Schauspiller, am Theater souwuel wéi am Kino, ass Invité.
headphones

52 min

play_arrow
Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"

Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"

D'Invitée ass Actrice, Autorin, Regisseurin. Si huet Musek gemaach an an England Film a Schauspill studéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Claude Mangen: D'Léift zum Theater

Claude Mangen: D'Léift zum Theater

Dee fréieren 100,7-Programmchef, aktuellen Direkter vum Mierscher Kulturhaus, Acteur a Regisseur ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"

Larisa Faber: "De Spectateur schenkt dem Schauspiller Zäit"

D'Invitée ass Actrice, Autorin, Regisseurin. Si huet Musek gemaach an an England Film a Schauspill studéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"

De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
headphones

54 min

play_arrow
Patrick Michaely: "D'Passioun fir d'Wëssenschaft"

Patrick Michaely: "D'Passioun fir d'Wëssenschaft"

Den neien Direkter vum natur musée ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Jemp Schuster: "Vun der Musek bei den Theater"

Jemp Schuster: "Vun der Musek bei den Theater"

Den Auteur, Kabarettist, Acteur a Regisseur ass Invité beim Jean Claude Majerus
headphones

56 min

play_arrow
Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

D'Actrice mat engem Lien zu Lëtzebuerg ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Danielle Igniti: "Et muss een de Courage hunn net ze gefalen"

Danielle Igniti: "Et muss een de Courage hunn net ze gefalen"

Aus der Kulturzeen an zu Diddeleng ass si net ewechzedenken. 12 Joer huet si de Kulturzentrum opderschmelz geleet, 20 Joer war si Presidentin vum Planning Familial.
headphones

51 min

play_arrow
Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

D'Bibliothekärin ass Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Pierre Nimax Jr.: "Musek ass Kommunikatioun a Spaass"

Pierre Nimax Jr.: "Musek ass Kommunikatioun a Spaass"

Den Uergelmuseker, Komponist an Dirigent ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

D'Actrice mat engem Lien zu Lëtzebuerg ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tim Kleren: "Spaass un der Musek"

Tim Kleren: "Spaass un der Musek"

De Perkussionist,Militärmuseker, Komponist an Dirigent ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

De fréieren Profi-Cyclist ass kuerz virum Depart vun der 109. Editioun vum Tour de France Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Jana Degrott: " Ech sinn e risen Tollpatsch"

Déi jonk Politikerin an Aktivistin ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow