Den Däiwel aus der Welt verjoen, e Wonschdenken … obwuel den Däiwel vum Max Romeo steet hei fir dat Negatiivt an de Gedanken, datt dee positive Plaz maache sollt. Den Iron Shirt symboliséiert déi geeschteg Stäerkt, déi et brauch, fir eise verurteelenden negative Gedanken géigeniwwer standhaft ze bleiwen.
Den Titel “Chase The Devil” gouf 1976 an de Black Ark Studioe vum Produzent Lee Scratch Perry opgeholl fir den Album “War Ina Babylon”. Virun e puer Deeg, den 11. Abrëll, ass de Max Romeo am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
Dem Bim Sherman säin Album “Miracle”, deen an de Mëtt 90er erauskoum, huet e Reggae erklénge gelooss, wéi mir e bis dohinner nach net héieren haten: akustesch Gittaren, Straicher, indesch Perkussiounen (assuréiert vum Tabla Virtuos Talvin Singh), subtil Synthesizer an en elektresche Bass.
“After the Last Sky”, d’Iwwerschrëft vum Anouar Brahem sengem neien Album, ass eng Verszeil vum Dichter Mahmoud Darwish:” Wouhinner sollen d’Villercher nom leschten Himmel fléien?” Hei héiere mir beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass, déi sech op eng subtill Aart a Weis mat dëser metaphysescher Fro an hire Verstréckungen an enger onroueger Zäit auserneesetzen.
“Armenian Lament” vun der Jocelyn Pook ass en Extrait aus dem Akram Khan sengem “Jungle Book Reimagined”, eng aussergewéinlech Adaptatioun fir Ballet vum Rudyard Kipling senge “Short Stories” fir eng Welt, déi mat Ëmweltkrise konfrontéiert ass.
“Visa Mundi”, den Album vum Steve Shehan, op deem de Vivaldi enger Karawann an déi argentinesch Wüst nogeet, wou d’Carmen sech schéi mécht fir eng brasilianesch Samba, wou de Steve op en Neits duerch Kaboul sträift oder Bali besicht iwwer de Wee vu Lidder, déi hien nei arrangéiert. “Visa Mundi” ass eng kleng Weltrees, an dat och duerch d’Genren. Zesumme mat engem Grappvoll Musekerfrënn aventuréiere si sech op Offroadpisten.
Och den Abaji baut Brécken tëschent de Kulturen an de Weltmuseken. Multiinstrumentalist a polyglotte Sänger (griichesch, armeenesch, arabesch, tierkesch), den Abaji ass am Libanon gebuer, seng musikalesch Virléifte sinn déi indesch Musek, déi orientalesch an de Blues. “Carnet de Voyages, Pt. 1” heescht säin neien Album.
Playlist:
1. Max Romeo & The Upsetters - Chase The Devil - War Ina Babylon
2. Max Romeo & The Upsetters - Norman - War Ina Babylon
3. Bim Sherman - My Woman - Miracle
4. Anouar Brahem & Dave Holland - The Eternal Olive Tree - After the Last Sky
5. Anouar Brahem, Anja Lechner, Django Bates & Dave Holland - Vague - After the Last Sky
6. Anouar Brahem, Anja Lechner, Django Bates & Dave Holland - After the Last Sky - After the Last Sky
7. Jocelyn Pook - Armenian Lament (Dle Yaman) - Jungle Book reimagined
8. Steve Shehan - Chasse Spleen - Visa Mundi
9. Yodi - Mariposa - Mariposa
10. Abaji - Zikrayat - Carnet de Voyages, Pt. 1 (Organic World Music)
11. Alsarah & The Nubatones - Habibi - Seasons of the Road
12. Ali - Dance, Habibi - Dance, Habibi
13. Jake Shimabukuro - Use Me (feat. Dave Preston) - The Greatest Day